Weider gutt Leeschtung vum Pit Klein

De 27 Joer ale Lëtzebuerger huet beim Weltcup zu Antalya an der Tierkei ënnert anerem géint d'Nummer 5 an d'Nummer 16 op der Welt gewonnen.
Nodeems et déi lescht Woch beim Qualifikatiounstournoi net duer gaange war, fir sech en Ticket op Paräis ze sécheren, ass de Lëtzebuerger Bouschéisser Pit Klein dës Woch op en Neits zu Antalya an der Tierkei ugetrueden, dat beim leschte Weltcup.
No enger 58. Plaz an der Qualifikatioun huet de 27 Joer ale Bouschéisser de Brady Elisson am 1. Tour geklappt. Den Amerikaner ass d'Nummer 5 op der Welt. Am zweeten Tour gouf et eng Victoire fir de Pit Klein géint de Fransous Jean-Charles Valladont, de Weltranglëschte 16.. An der Aachtelsfinall huet sech de Lëtzebuerger géint d'Nummer 7, dem Kanadier Eric Peters, misse geschloe ginn. Mat dëser gudder Leeschtung huet de Pit Klein elo ganz gutt Chancë fir deen 10.Ticket vum COSL fir d'Olympesch Spiller ze knipsen.
De Weltcup leeft nach bis e Sonnden an e Méindeg kënnt dann déi offiziell Confirmatioun op et duergaangen ass oder net.