"Wann ee gutt drop ass, dann ass een och am Geescht gutt drop"
An engem Mount ass d'Ouverture fir d'olympesch Spiller zu Paräis. Am Virfeld hu mir en Interview mam Grand-Duc Henri gemaach, deen och Member vum IOC ass.
Fir den Interview hu mir de Grand-Duc Henri op en Training vun der Dëschtennisfederatioun invitéiert. Do huet hien och e Mixed-Double mat de Lëtzebuerger Olympionike gespillt. Fir Paräis hu sech déi zwou Dëschtennisspillerinne Sarah De Nutte a Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic qualifizéiert.
Zanter 1998 ass de Grand-Duc Henri Member vum Internationalen Olympesche Kommitee. Seng éischt Spiller an dëser Funktioun hat hien am Joer 2000 zu Sydney, 2024 zu Paräis gi seng siwent Olympesch Summerspiller.
Sport als Ausgläich am Alldag
De Sport spillt eng grouss Roll am Grand-Duc sengem Alldag. Et wier wichteg fir den Equiliber vum Mënsch: "D'Condition physique, wann ee gutt drop ass, dann ass een och am Geescht gutt drop."
Seng Liblingssportaarte sinn am Summer de Vëlo, den Tennis an d'Schwammen. Am Wanter steet de Staatschef gären op de Schi.
Olympesch Summerspiller als "Lokomotiv"
Wann an engem Mount d'olympesche Summerspiller sinn, wier dat wéi eng "Lokomotiv fir de ganze Sport", esou de Grand-Duc. Well d'Spiller esou no u Lëtzebuerg sinn, erwaart sech de Staatschef vill Lëtzebuerger Supporter op der Plaz. Och de Grand-Duc Henri wäert wärend de Spiller op der Plaz sinn: "Ech mengen, mir mussen do zesumme stoen, fir eis Sportler ze ënnerstëtzen."
Jonker fir Sport begeeschteren
Fir de Grand-Duc Henri ass et och wichteg, jonk Leit fir de Sport ze begeeschteren. Um Dënschdeg huet hien net nëmmen déi dräi Athleten am Dëschtennis getraff, déi sech fir Olympia qualifizéiert hunn. Ma huet och mat Nowuessspillerinnen a -spiller geschwat. Am Interview formuléiert hien ee konkrete Wonsch: "A mir musse wierklech alles maachen, fir dass eis jonk Leit weider Sport dréiwen a begeeschtert sinn."