E Freideg den Owend war um INS an der Stad den Optakt vum Lëtzebuerger Championnat an der Liichtathletik.

Um 1. Dag vum nationale Championnat an der Liichtathletik gouf et een neie Lëtzebuerger Rekord. De Ruben Querinjean ass um INS iwwer 3.000 Meter Steeple e Chrono vun 8 Minutten, 18 Sekonnen an 82 Honnertstel gelaf. Hien ass domadder iwwer 4 Sekonnen ënner sengem ale Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Dësen hat hie rezent bei engem internationale Meeting zu Léck an der Belsch realiséiert.

De Ruben Querinjean huet sech mat senger Leeschtung dann och de Championstitel iwwer 3.000 Meter Steeple geséchert.

Fir de Lëtzebuerger geet et nach ëm d'Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller zu Paräis elo am Summer. Nach bis e Sonndeg leeft d'Qualifikatiounsphas.