Wann ee Basket seet, denken déi meescht Leit un de klassesche 5 géint 5 op zwee Kierf.

Iwwer déi lescht Jore gëtt vun der internationaler Basketfederatioun awer och ëmmer méi Wäert op den 3X3 geluecht. Och hei am Land probéiert een, déi Leit, déi sech fir de Basket interesséieren, zu dëser Alternativ ze kréien.

3X3 zu Lëtzebuerg / Reportage Jeff Kettenmeyer

Wann een an d'90er-Joren zeréckgeet, denke vill Leit natierlech un de Streetball. Net nëmmen uechter Europa, mä och hei am Land goufen et Joren, an deenen de Basket dobaussen op ee Kuerf am 3-géint-3-Modus geboomt huet. Duerno koum eng Phas wou den Interessi erofgaangen ass an ee generell sech drop baséiert huet, de Basket am typesche 5 géint 5 ze spillen an ze kucken. Den 3X3, deen zanter Jore vun der FIBA gepushed gëtt, erënnert staark un d'Aart a Weis vum Streetball, och wann et Ënnerscheeder ginn. D'FLBB probéiert, och hei am Land Basketspiller fir dëse Spillmodus ze motivéieren. Déi lescht Woch war een Tournoi um Belval. Den nächste Samschdeg ass et dann um Tournoi hei an der Stad an Zesummenaarbecht mam Racing. De Mathieu Gillardin vun der Organisatioun iwwer den Ënnerscheed zum klassesche 5 géint 5:
 
"Den 3X3 ass e vill méi schnellen an dynamesche Sport wéi de Basket. An et sinn och duerch d'Bank méi kuerz Matcher. Dëst erméiglecht et den Zuschauer, fir méi Matcher ze gesinn, méi Aktiounen ze gesinn. A mir hoffen, dass mer zesumme mat eiser Ambiance vum Event d'Leit fir dëse Sport kënne begeeschteren. Et ass eng Sportaart, déi komplementar zum Basket steet, mat hire ganz eegene Charakteristiken. A mir probéieren, dat op eng locker Aart a Weis op eisem Event ze presentéieren."
 
D'Kuliss vun esou 3X3-Tournoien ass och net onwichteg. Anescht wéi an enger Hal kann een hei vill méi variabel agéieren a plangen. 
Sou zum Beispill mam Event e Samschdeg bei der Philharmonie um Kierchbierg.
 
"D'Place de l'Europe um Kierchbierg steet normalerweis jo éischter fir kulturell Events, sief et mat enger Visitt am Musée oder awer engem Besuch an der Philharmonie fir d'Musek. Mä mir si frou, dass mer och dëst Joer rëm dës Plaz konnte fir eis reservéieren, an elo hoffe mer just nach op gutt Wieder e Samschdeg."
 
Eng aner Hoffnung ass déi, aus Lëtzebuerger Siicht an Zukunft och hei am Land den 3X3 kënnen ze etabléieren. Mä wéi sou dacks geet dëst net ouni déi Leit, déi fräiwëlleg, also benevole hëllefen, sou de Mathieu Gillardin.
 
"Fir esou en Event op d'Been ze stellen, brauch een natierlech eng Rëtsch Volontairen, ugefaange mat der Organisatioun oder awer mam Montage. Mä mir sinn awer och houfreg, dass mer esou vill Leit hunn, déi eis ënnerstëtzen, hannert dem Bar oder hannert dem Grill beispillsweis."
 
Den 3-géint-3-Basket ass iwweregens och olympesch. Zu Paräis gëtt dësen Tournoi vum 30. Juli bis de 5. August gespillt. An änlech wéi hei am Land och op enger ganz populärer a schéiner Plaz, der Place de la Concorde.