De 26. Juli ass den offizielle Start vun den Olympesche Spiller zu Paräis. Mat dobäi sinn 13 Lëtzebuerger Athleten.

D'Olympesch Spiller si fir souwuel d’Sportler wéi och de ganzen Entourage vun dësen eng besonnesch Erfarung. Deemno sollen d'Olympesch Spiller och alle bedeelegte Spaass maachen, mat natierlech der Intentioun e beschtméiglecht Resultat ze erreechen.

A genau wéinst der Kompetitioun ass et wichteg, datt souwuel d'Sportler wéi och d'Trainere vu professionelle Psychologe begleet ginn.

Fir Lëtzebuerg geet de Sportpsycholog Frank Muller mat. Als fréiere Basketspiller vum T71 Diddeleng bréngt de Lëtzebuerger Sport-Enthusiast och déi richteg Viraussetzunge mat, fir sech beschtméiglech an d’Lag vun de Sportler ze versetzen.

Mir hunn am Virfeld mam Sportpsycholog vum Team-Lëtzebuerg geschwat an nogefrot, wéi säi Rôle am Detail wäert ausgesinn.