Vum 13. bis den 21. Juli huet d'Lëtzebuerger U20-Ekipp un der EHF Championship am Kosovo deelgeholl an dobäi gutt Resultater realiséiert.

D'Kategorie U20 ass am Handball déi lescht Etapp, éier een an d'Senior-Nationalekipp selektionéiert ka ginn. De Joergang 2004/2005 war ënnert der Leedung vum U20-Trainer Björn Gerber an dem Hären-Nationaltrainer Maik Handschke vum 13. bis den 21. Juli bei der EHF Championship am Kosovo, der zweeter Liga am europäesche Jugendhandball. Hei ware Spiller aus ville Lëtzebuerger Veräiner dobäi, mee och Spiller, déi op Handballakademien an Däitschland ageschriwwe sinn.

D'Rout Léiwen haten et an der Grupp B mat hiren Alterskolleegen aus der Belsch an aus der Tierkei ze dinn, béid Matcher konnten d'Nowuesstalenter kloer fir sech entscheeden (32:26 géint d'Belsch, 35:22 géint d'Tierkei). An der Véierelsfinall stoung mam Kosovo den Organisateur vum Turnéier géintiwwer, mee och do hunn d'Lëtzebuerger näischt ubrenne gelooss a sech mat 27:22 duerchgesat.

Déi éischt, a gläichzäiteg batter Néierlag gouf et an der Halleffinall géint d'Slowakei. Hei huet sech d'Ekipp ronderëm de Spillmaacher Olivier Goergen, dee beim HC Bierchem schonn an der Härenekipp aktiv ass, mat 24:36 musse geschloe ginn. Duerno goung et nach am Spill ëm Plaz 3 géint Finnland, wou d'Ekipp vum Trainer Björn Gerber no enger spannender Schlussphas an der leschter Sekonn den Ausgläich markéiere konnt. Am Siwemeterschéisse goung et an de Shootout, wou Lëtzebuerg um Enn ee Gol gefeelt huet. Soumat schléissen d'Rout Nowuessléiwen d'Campagne als Véierten of.

E puer Lëtzebuerger Spiller, de Luke Kaysen (Bayer Dormagen), den Itua Etute (HB Diddeleng), de Sam Richard (HG Saarlouis) an de Kell Meyers (Red Boys Déifferdeng), goufe wärend dëse Matcher zum Spiller vum Match gewielt a krute soumat d'Geleeënheet, um Camp "Respect Your Talent" deelzehuelen, wou si Tipps vun eemolege Profie kruten.

RTL

© FLH / Fédération Luxembourgeoise de Handball