Verséinleche Karriärsofschloss fir d'Charline Mathias
Beim internationale Meeting zu Schëffleng hate sech eng Rei auslännesch Toppathleeten afonnt, fir sech op d'Olympesch Spiller ze preparéieren.
Am Stadion vum Schëfflenger Liichtathletiksveräin gouf et kee Podium fir d'Charline Mathias an der leschter Course vun hirer Karriär. Si hat an der vergaangener Woch matgedeelt, dass si ophale wäert, an en plus en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt. Mat 2:02,83 koum d'Lëtzebuergerin op déi 9. Plaz. D'Kompetitioun iwwer 800m gouf vun der Franséisin Agnes Raharolahy gewonnen, ganz knapp virun der Emily Richards aus den USA an der Christina Hering aus Däitschland.
Fir de Bob Bertemes war et de leschten Test virun den Olympesche Spiller. De Lëtzebuerger Sportzaldot huet d'Bomm op 21,36 Meter geschleidert a louch domat knapp 20 Zentimeter virum Jamaikaner Rajindra Campbell (21,12m). De Podium gouf vum Roger Steen aus den USA (20,98m) komplettéiert.
Iwwer 400m Hecken war den David Friederich an 52,59 Sekonnen de Séiersten, virum Andrea Rossi an dem Fransous Théophile Decoster. Op der Distanz vu 1500m gouf et eng Victoire vum Däitschen David Scheller a vum Wiktor Milkowski, déi gläichzäiteg iwwer d'Ligne d'arrivée gelaf sinn. Déi drëtt Plaz war fir de Fransous Nicolas Medouni.
Am Bommstousse bei den Dammen huet d'Eliana Bandeira aus Portugal d'Bomm 18,16 Meter gehäit a louch domat knapp 30 Zentimeter virum Klaudia Kardasz aus Polen. Déi drëtt Plaz war fir Ivana Gallardo aus Chile. Am Héichsprong war aus Lëtzebuerger Siicht d'Julie Craenen am Asaz. D'Lëtzebuergerin koum um Enn mat 1,75m op déi 4. Plaz. D'Temitope Adeshina ass 1,87m héich gesprongen, wat déi bescht Héicht war. D'Michaela Hruba aus Tschechien louch just 3 Zentimeter hannert der Nigerianerin, d'Antonia Glenka koum op 1,81m.