Chris Rodesch gewënnt säin zweeten Tournoi
© Claire Pepin an Laura Poos
Bei der véierter Editioun vun de "Sudstroum Open" zu Esch/Uelzecht huet de Lëtzebuerger de Belsch Gauthier Onclin an der Finall geklappt.
Bei engem ITF-World-Tour-Turnéier um Escher Gaalgebierg huet sech den 23 Joer ale Chris Rodesch an der Finall mat 6:1, 3:6 a 6:4 duerchgesat. Domat gewënnt nom Alex Knaff d'lescht Joer e weidere Lëtzebuerger dëst Turnéier.
De Rietshänner hat den éischte Saz kloer fir sech entscheet, huet awer am zweete Saz e klenge Réckschlag verdauen, fir sech um Enn seng zweet Victoire bei engem ITF-Turnéier ze sécheren. Domat krut hien och e flott Präisgeld, d'Turnéier vum Escher Tennisclub ass mat 25.000 € dotéiert. An der Weltranglëscht dierft de Lëtzebuerger, deen aktuell op Plaz 645 läit, an den nächsten Deeg e puer Plaze klammen. Säi Géigner Onclin läit do op der 275. Plaz.