TennisGilles Kremer an Eléonora Molinaro nei Landesmeeschteren

RTL Lëtzebuerg
Bei den Outdoor-Meeschterschafte vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun zu Esch/Uelzecht hu sech zwee bekannt Gesiichter den Titel geséchert.
© FLT

Bei de Männer an der Kategorie Senior huet sech de Gilles Kremer den Titel geséchert, dëst duerch eng 3-Saz-Victoire géint de Robi Tholl. Den éischte Saz huet den un Nummer 1 gesate Kremer 4:6 verluer, fir sech duerno mat 6:3 a 6:4 zeréckzekafen an de Match ze gewannen.

© FLT

Bei den Damme war et méi kloer. Hei huet sech Eléonora Molinaro an zwee Sätz (6:3, 6:2) géint d’Laura Palumbo duerchgesat. Dëse Championnat op Sand gouf am Kader vum ITF-Turnéier um Escher Gaalgebierg ausgedroen.

© FLT

Back to Top
CIM LOGO