"En historesche Moment, eppes wat ech ni wäert vergiessen", sou d'Ni Xia Lian
Mat 61 Joer ass d'Ni Xia Lian déi eelst Spillerin, déi jee en Dëschtennismatch op Olympesche Spiller gewonnen huet.
E Mëttwoch de Moie war d'Ni Xia Lian am 2. Tour vun der Dëschtennis-Competitioun op den Olympesche Spiller géint d'Nummer 1 op der Welt, Sun Yingsha, gefuerdert. Mat 0:4 an de Sätz huet sech déi 61 Joer al Lëtzebuergerin der 23 Joer aler Chinesin musse geschloe ginn.
D'Lëtzebuergerin huet mat alle Mëttele probéiert, fir sech géint hir Géignerin ze wieren, hat am drëtte Saz och ee Sazball, ma konnt um Enn awer kee Saz fir sech entscheeden.
D'Ni Xia Lian ass frou iwwer de Match, dee si géint d'Nummer 1 op der Welt gespillt huet. "Et huet ee wierklech gesinn, dass si d'Nummer 1 ass. Si war ze staark fir mech."
Hir Géignerin wier einfach ze séier gewiescht, esou d'Dëschtennisspillerin vun 61 Joer: "Dat ass ausserhalb vu mengem normale Spill."
Nom Match gouf et Standing Ovations
Si hätt d'Hal komplett hannert sech gehat a Standing Ovations kritt. Dat Gefill wier mega gewiescht esou, d'Dëschtennisspillerin. "Dat ass en historesche Moment, eppes wat ech ni wäert vergiessen."
De Grand-Duc hätt d'Ni Xia fir hire gudde Match felicitéiert. Mat der Nummer 1 huet d'Press knapp 10 Minutte geschwat, d'Ni Xia stoung och nach iwwer eng Stonn nom Match der Press Ried an Äntwert.