Dat huet den 38 Joer ale Golkipp vum FC Bayern an engem Video op Instagram matgedeelt. Insgesamt huet hien 124 Matcher fir Däitschland absolvéiert.

Nieft dem Toni Kroos an Thomas Müller ass hien domat de leschte Weltmeeschter vun 2014, dee rezent seng Karriär an der däitscher Nationalekipp beendegt huet.

"Jiddereen, dee mech kennt, weess, dass mir dës Entscheedung net liicht gefall ass. Ech fille mech kierperlech immens gutt, an natierlech hätt mech och d'Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko immens gereizt. Gläichzäiteg sinn ech dovunner iwwerzeegt, datt genee elo de richtegen Zäitpunkt dofir komm ass, dëse Schrëtt ze goen a mech an Zukunft voll a ganz op den FC Bayern München ze konzentréieren", esou den Neuer, deem säi Kontrakt bei de Bayern nach bis nächst Joer leeft.

Vun den 124 Matcher, an deenen hie fir de "Bundesadler" tëschent de Pottoe stoung, war hien 61 mol Kapitän.