Lëtzebuerger Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun gefuerdert
D'Lëtzebuerger Feldhockey-Nationalekipp huet sech um Fluchhafe versammelt, fir a Wales ze fléien, fir un engem Quali-Tournoi fir d'EM deelzehuelen.
Bei eis am Land gëtt et ee Club an eng Federatioun. An der Nationalekipp figuréieren awer nëmmen zwee Spiller aus deem Club. Déi aner Spiller spillen am Ausland. Fir eng Nationalekipp op d'Bee gestallt ze kréien, hat d'Federatioun en Opruff bei de Federatiounen aus Holland, Frankräich, Däitschland an der Belsch gemaach. Et wollt een erausfannen, ob bei hinne Spiller lizenzéiert sinn, déi e Lëtzebuerger Pass hunn. De Retour war positiv. Eng 40 bis 50 Spiller sinn a Fro komm. Eng gutt Dose goufen der um Enn zeréckbehalen.
Periodesch kommen d’Spiller dann aus allen Himmelsrichtungen ugereest, fir um Hockeysterrain zu Gaasperech zesummen ze trainéieren. Mat der Ekipp vu Wales waart direkt am 1. Match eng haart Noss op d'Nationalekipp. An dëser Ekipp ware 4 Spiller bei den Olympesche Spiller am Asaz.
Zanter 40 Joer gëtt zu Lëtzebuerg Feldhockey gespillt. Wärend de leschte Joren ass et rasant mat der Entwécklung biergop gaangen. E spannende Projet jiddefalls, deen amgaangen ass, ze wuessen.
Den éischte Match huet d'Lëtzebuerger Nationalekipp en Donneschdeg mat 0:17 géint Wales verluer. E Freideg spille si am Nomëtteg an der Placéierungsronn géint d'Tierkei.
De Qualifikatiounstournoi fir d'EM gëtt vum 22. bis de 25. August an Irland gespillt.