E Bléck op d'Titelfavoritten am nationalen Handball

Déi Bierchemer feieren hiren Titel an der Saison 2023/2024. / © Val Wagner
De Weekend fänkt déi nei Saison am nationalen Handball un.
Déi lescht Handballsaison bei den Häre war net esou spannend wéi een dat gewinnt war, well den HC Bierchem sech quasi kee Faux-pas erlaabt huet an der Course ëm den Titel.
D’Red Boys, Diddeleng an Esch, déi op de Plazen 2 bis 4 d'Saison op en Enn bruecht hunn, si prett, vun dësem Weekend un nees unzegräifen.
Déi Bierchemer hu schonn déi lescht Joren op d'Jugend opgebaut a wäerten dat och an Zukunft maachen. Et gouf am Réiserbann op Kontinuitéit gesat, dobäi koum awer de spektakulären Transfert vum fréieren Nationalspiller Dan Scheid, dee quasi déi ganz lescht Saison blesséiert war. De fréieren Déifferdenger huet sech séier integréiert.
"Ech mengen och, datt spilleresch si sech scho vum leschte Joer kennen, dat heescht ech mengen, et muss een elo net esou e groussen Input materabréngen an elo kënne mer drop opbauen. Ech mengen d'Favoritte sinn och wéi déi Jore virdrun, ech mengen d'Red Boys däerf een ni ënnerschätzen an och déi Escher dierf een och net ënnerschätzen. Ech mengen, datt et eng spannend Saison gëtt."
Bei den Déifferdenger Red Boys hunn eng Hallef Dose Spiller de Kader verlooss, ënnert hinnen déi ganz wichteg Spiller Dan Scheid a Baptiste Audifred. Ongeféier grad esou vill Spiller stousse bei de Kader aus Frankräich, Holland, mee och vu Käerjeng a Schëffleng. Et gouf deemno vill méi gewiesselt wéi bei de Konkurrenten. D’Qualitéit beim Coupe-Finalist a Vizemeeschter bleift weider ginn.
Den HB Diddeleng war d’lescht Saison vläicht déi positiv Iwwerraschung mam Duerchbroch vu munche jonken Elementer vum Veräin. Mëttlerweil stinn elo de fréiere Kapitän vun der Nationalekipp Tommy Wirtz an den anere fréieren Internationale Mikel Molitor der Ekipp net méi zur Verfügung.
Nei beim HBD ass de Charly Epps vum Standard. De Kader ass staark genuch, fir uewe mat unzegräifen.
Bei der Escher Ekipp, déi d'lescht Saison iwwerraschend d'Coupe gewonnen hat, ass net vill passéiert. Et kënnt deen een oder aner jonke Spiller bei déi éischt Ekipp schnupperen. Den neien Trainer Rajko Milosevic, deen zejoert Co-Trainer war, wäert natierlech probéieren, de Maximum erauszehuelen. Vue datt de Kader kleng ass, mussen d'Spiller vum Handball Esch polyvalent sinn, sou den Tom Krier.
"Ech mengen en Handballspiller gëtt geléiert, vu klengem un e bëssen iwwerall ze spillen, zemools hei am Land. Ech fannen et och gutt, dass den Trainer dat bei eis mécht, hie wiesselt vill. Och wa mer e klenge Kader hunn, dass mer vläit probéieren, weider ze kämpfen an alles ze ginn, a vläicht erëm en Titel zum Schluss gewannen."
Um éischte Spilldag gëtt et schonn en Duell tëscht Favoritten. Den HB Diddeleng empfänkt nämlech déi Déifferdenger Red Boys.
Och dës Saison kënnt Dir d'Matcher vum nationalen Handball-Championnat an der RTL Live Arena kucken.
Hei fannt Dir de Spillplang, d'Resultater an de Livestream vum nationalen Handball.