E Freideg den Owend ass den Optakt vum nationale Basket-Championnat vun den Hären.

Am éischte Rebound vun der Saison kuckt de Jeff Kettenmeyer mam Head of Basketball vun der FLBB, dem Ken Diederich, op de Championnat no vir.

Rebound / Reportage Jeff Kettenmeyer

Fir den Optakt sinn e Freideg den Owend zwee Matcher, Munneref kritt Besuch vun der Sparta an Hiefenech spillt géint Walfer. Dem Ken Diederich no ass keng vun dëse véier Ekippen Toppfavorit op den Titel, mä ...

"d'Amicale Steesel huet nach ëmmer dee beschte Kader. Si hunn d'Erfarung, si sinn zweemol Champion ginn an deene leschten dräi Joer. Ech denken, dass dat fir si sprécht. Si hunn och nach de Bobby, den Alex an den Jarvis Williams, déi elo openeen agespillt sinn, mat e puer gudde Jonken. An net de Scott Morton ze vergiessen. Et muss ee soen, datt hire Kader extrem déif ass. An och de Favorit si fir d'nächst Joer fir d'Championnat."

Nieft der Amicale zielt den Hären-Nationaltrainer och nach Esch an d'Etzella an de Krees vun de Favoritten. Wéi all Saison ginn et awer och Veräiner, déi fir eng positiv Iwwerraschung kënne suergen.

"Als Iwwerraschungsekipp villäicht d'Sparta. Déi hunn elo keng Blesséierter am Moment. Si hunn e Mike Feipel, deen erëm zeréckkënnt vun enger Kräizbandverletzung, de Yannick Verbeelen, dee fit ass. Hoffentlech hu se déi richteg Amerikaner fonnt, mat engem déiwe Kader, mat enger schneller Ekipp, eng jonk Ekipp, wou se sécherlech och eng gutt Chance hunn, fir uewe kënne matzespillen."

Ënnenof gëtt et op d'mannst genee sou spannend wéi uewen. Déi Ekippen, déi et um Enn sou just an de Playoff packen hunn op d'mannst d'Garantie, net erauszefalen.

"Ech gesinn do, dass déi Ekippen, déi opgestige sinn, dass déi Munnerefer bestëmmt kämpfen, fir dran ze bleiwen. Dat gëtt net esou einfach. Dann och d'Musel Pikes, déi elo schonn eng Zäitchen ënnen dra stiechen, natierlech d'Erfarung hunn, fir dran ze bleiwen, awer och sech elo mengen ech net esou verstäerkt hunn, fir ze soen, mir spillen elo ganz uewe mat."

Als Nationaltrainer hofft de Ken Diederich natierlech och, datt eng Partie Lëtzebuerger nach ee Schratt no vir maachen.

"Dat gesäit een am Joer. Ech denken, dass e Spiller wéi de Mike Feipel, dass deen elo e Saz wäert maachen, no senger Verletzung hunn. De Yannick Verbeelen huet immens progresséiert déi lescht zwee Joer. De Max Logelin huet eis jo quasi de Match a Rumänien gewonnen, mat senge Kierf zum Schluss. Also do sinn e ganze Koup Spiller, déi nach eng grouss Marge hunn, fir besser ze ginn. Op déi grouss Iwwerraschung, dat gesi mer dann. Do ass ëmmer een, zwee Spiller, déi kéinten interessant fir mech ginn."

D'Matcher kënnt Dir genee wéi d'lescht Saison nees an der RTL Live Arena kucken.