Mainz setzt sech zu Augsburg duerch

© FRANK HOERMANN/SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP
An Italien ass Empoli no enger Victoire zu Cagliari weiderhi gutt an der Spuer.
Nice huet donieft den 2. Succès vun der Saison gefeiert an dobäi Saint-Étienne mat 8:0 iwwerrannt.
Bundesliga
Augsburg - Mainz 2:3
0:1 Sieb (13'), 0:2 Burkardt (15'), 1:2 Schlotterbeck (25'), 1:3 Burkardt (49'), 2:3 Essende (57')
No enger roueger Ufanksphas huet Mainz Augsburg mat zwee schnelle Goler iwwerrompelt. Zweemol huet den Mwene iwwer lénks ouni Géigewier geflankt. Déi éischte Kéier huet de Sieb de Ball eragekäppt. Kuerz drop stoung de Burkardt richteg a konnt de Ball am Filet ënnerbréngen. Mainz huet dono ze passiv gespillt an de Schlotterbeck huet no engem Fräistouss op 1:2 verkierzt. Den Amiri krut no engem taktesche Feeler an der 34. Minutt déi giel-rout Kaart gewisen an huet seng Ekipp geschwächt.
Nom Säitewiessel konnten d'Gäscht an Ënnerzuel erhéijen. De Burkardt huet de Ball nees no enger Flank an de Gol deviéiert. Et ass weidergaange mat de Goler, de nächsten ass fir Augsburg gefall. Den Essende huet seng Ekipp beim 2:3 nees erubruecht. Kuerz drop huet den Essende awer déi rout Kaart wéinst enger Tätlechkeet gewise kritt. De Match ass also mat 10 géint 10 weidergaangen, Augsburg huet gedréckt, konnt awer keng vun de sëllege Chancen notzen. Um Enn huet Mainz glécklech 3 Punkten aus Augsburg mat Heem geholl.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Serie A
Cagliari - Empoli 0:2
0:1 Colombo (33'), 0:2 Esposito (49')
Empoli bleift d'Iwwerraschungsekipp vun der neier Saison. Op Sardinien setzt ee sech mat 2:0 géint Cagliari duerch. An der éischter Hallschent gouf et just eng richteg Chance an dat war de Gol fir d'Gäscht duerch de Colombo. Direkt nom Téi huet den Esposito de Virsprong verduebelt. Et sollt bei dem Resultat bleiwen. Empoli klëmmt doduerch provisoresch op déi 4. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Nice - Saint-Étienne 8:0
1:0 Batubinsika (4', Selbstgol), 2:0 Ndombélé (7'), 3:0 Cho (24'), 4:0 Moukoko (26'), 5:0 Guessand (37'), 6:0 Moukoko (39'), 7:0 Diop (76'), 8:0 Rosario (86', Eelefmeter)
Eng batter an héich Defaite gouf et fir Saint-Étienne zu Nice. D'Heemekipp ass fréi mat 2:0 vir komm an huet och de Rescht vum Match dominant gespillt. An der Paus stoung et schonns 6:0. An den zweete 45 Minutten huet Nice et méi roueg ugoe gelooss, konnt awer nach zweemol markéieren an de Match schliisslech mat 8:0 gewannen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Alaves - Sevilla 2:1
1:0 Vicente (17'), 2:0 Martin (60'), 2:1 Lukébakio (83')