Maxime Chanot a Los Angeles mat Néierlag zu Dallas

© Val Wagner (Archiv)
Et war kee gudde Sonndeg fir d'Lëtzebuerger an et gouf entweder wéineg Asazzäit oder Néierlagen.
An Amerika huet Los Angeles mam Maxime Chanot 1:3 zu Dallas verluer. Den Ofwierspiller stoung mat den éischten 11 um Terrain, gouf an der 66. Minutt awer ausgewiesselt.
An der 2. Bundesliga huet Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte doheem mat 1:3 géint Ulm de Kierzere gezunn. No 6 Spilldeeg hunn déi Elversberger 6 Punkten um Kont a leien am Mëttelfeld vun der Tabell.
Den Enes Mahmutovic souz bei der 0:2-Defaite vun NAC Breda bei Feyenoord Rotterdam de ganze Match op der Bänk.
De Vincent Thill ass weiderhi verletzt, säi Veräi Sabah huet am Aserbaijan awer 4:2 zu Sabail gewonnen. Den Olivier Thill ass och nach blesséiert gouf beim 1:1-Remis vu senger ukrainescher Ekipp Cherkasy zu Zhytomir net agesat.
Samschdeg
Den 1. FC Köln huet déi dräi Punkten an der 2. Bundesliga a leschter Sekonn leie gelooss. No der Awiesslung vum Mathias Olesen an der 87. Minutt konnt Fortuna Düsseldorf nach an der 5. Minutt vun der Nospillzäit ausgläichen a sech domat ee Punkt sécheren.
An Norwegen gouf et fir de Lars Gerson eng batter 1:5-Defaite géint Aalesund. Virun den eegene Spectateure war de Lëtzebuerger Defenseur an der 80. Minutt ausgewiesselt ginn.
Freideg
Um Freideg gouf et a Polen en 1:1-Remis tëscht Wisla Plock a Rzeszow mam Sébastien Thill. De Lëtzebuerger huet seng Ekipp an der 27. Minutt a Féierung bruecht. Plock konnt 9 Minutte viru Schluss awer nach ausgläichen.
De Laurent Jans war de Kapitän vu senger Ekipp an huet mat Beveren 0:0 gläich géint Seraing gespillt. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain.
Eng Divisioun méi héich leeft et fir den Anthony Moris an d'Union St.-Gilloise weiderhin net ronn. Zu Léck gouf et en 0:0-Gläichspill. D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet net missen hannert sech gräifen a stoung wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.
St. Pölten huet an der 2. éisträichescher Liga zu Voitsberg mat 2:0 gewonnen. Den Dirk Carlson stoung vun Ufank un um Terrain an huet duerchgespillt. Voitsberg krut an der 66. Minutt de Golkipp vum Terrain gesat. Kuerz drop hunn d'Gäscht mat zwee Goler bannen 2 Minutten den Deckel op d'Partie gemaach. Am 6. Match war et déi wichteg éischt Victoire fir St. Pölten, déi den Ament op der 12. Plaz an der Tabell stinn.
Bastia huet mam Florian Bohnert 2:1 géint den FC Paris gewonnen a steet an der Ligue 2 a Frankräich iwwergangsweis op der 1. Plaz. De Bohnert huet de ganze Match iwwer hanne riets gespillt.
Den David Jonathans souz dogéint bei der 1:0-Victoire vun Den Bosch géint Emmen 90 Minutten op der Bänk. Den Bosch läit nom Erfolleg an der 2. hollännescher Liga och op der 1. Plaz an der Tabell.