Diddeleng setzt sech zu Stroossen duerch, Nidderkuer klappt Wolz

© Yan Baustert
Duerch en decisive Gol vum Chris Stumpf séchert sech den F91 mat enger 1:0-Victoire am direkten Duell dräi Punkten.
E Samschdeg war am nationale Futtballchampionnat den Optakt vum 7. Spilldag.
Fir den F91Diddeleng ass et zu Stroossen en 1:0-Succès ginn. Vun Ufank un hunn d'Spectateuren ee Match mat vill Vitesse ze gesi krut, an deem et och fir d'Lokalekipp vu Stroossen ëmmer nees eng Chance a Richtung Gol ginn ass. Am grousse Ganzen hat den F91 d'Kontroll iwwert de Ball, hat bis op ee Schoss vum Mehdi Kirch offensiv awer net all ze vill ze verzeechnen. Och nom Säitewiessel huet et net un offensiven Aktioune gefeelt. Den 1:0 fir d'Gäscht vun Diddeleng huet no 69 Minutten de Chris Stumpf no engem Fräistouss vum Filip Bojic markéiert, deen um Enn och fir déi dräi Punkte sollt duergoen.
Fir d'Fola gouf et doheem dann eng batter 0:4-Defaite géint Hueschtert. No enger ausgeglachener éischter Hallschent ouni all ze vill Golchancë war et an der 43. Minutt de Luca Alverdi, dee mat engem Fallrückzieher spektakulär fir d'1:0-Féierung suerge konnt. Nëmmen eng Minutt nom Säitewiessel stoung et dann no engem Kappball vum Kévin Quinol 2:0. Bis zum Schluss vum Match ass vun der Fola dann net méi vill komm, si sinn agebrach a musse sech no zwee weidere Géigegoler an enger rouder Kaart däitlech geschloe ginn.
An de weidere Matcher vum Mëtteg hu sech Rodange a Péiteng mat engem 0:0-Remis d'Punkte gedeelt a fir de Racing gouf et eng 3:0-Victoire géint Munneref.
E Samschdeg den Owend konnt sech dann nach Nidderkuer mat 2:1 zu Wolz duerchsetzen. Obwuel den Arbitter zwee Spiller vum Progrès an der 45. an 90. Minutt vum Terrain gesat hat, hunn d'Goler vum Burban a Mixtur um Enn de Match decidéiert.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler