Um Samschdeg war d'Suite vum 1. Spilldag an der Enovos League bei den Hären, bei den Dammen war et den Optakt vum Championnat.

Hären

Bei den Hären iwwerrennt den T71 Diddeleng Mamer mat 124:71. Schonn nom éischte Véierel hat d'Lokalekipp 42 Punkte markéiert. 41 Punkten stoungen um Enn um Kont vum Edward Colbert, Diddeleng huet als Ekipp 16 Dräier getraff.

Och ouni de Bob Melcher konnt sech de Champion Amicale Steesel auswäerts kloer géint d'Musel Pikes behaapten. D'Gäscht hunn sech am Ufank vum Match ofgesat a wannen um Enn souverän mat 80:65.

D'Etzella Ettelbréck setzt sech mat 90:60 géint d'Arantia Fiels duerch. D'Gäscht hate verletzungsbedengt nëmmen 1 Profispiller am Kader. De Jimmie Lee Taylor huet mat 32 Punkten an dësem Match am beschte getraff.

En enke Match hunn d'Zuschauer zu Conter gesinn. Hei konnt de Nationalspiller Thomas Grün seng Ekipp 15 Sekonne viru Schluss mat engem Dräier 76:73 a Féierung bréngen. Am Géigenzug huet d'Lokalekipp net getraff an d'Gäscht wannen um Enn mat 78:73. 27 Punkten goungen op de Kont vum Quinten Nelson bei de Gäscht vun Esch.

Um Freideg hat sech d'Sparta Bartreng kloer mat 112:78 géint Munneref duerchgesat, d'Résidence Walfer huet knapp mat 82:76 zu Hiefenech gewonn.

Dammen

Direkt zum Optakt vun der Saison stoungen sech bei den Dammen de Coupe-Gewënner T71 Diddeleng an de Champion Gréngewald Hueschtert géintiwwer. No engem ausgeglachenen éischte Véierel konnten sech d'Gäscht vun Hueschtert bis zur Paus e klenge Virsprong erausspillen (47:38). De Gréngewald huet de Géigner net mei zeréck an de Match komme gelooss a wënnt um Enn kloer mat 97:75. Mam Amanda Cahill (29 Punkten), Jovana Jaksic (27) an Alexus Johnson (20) hunn dräi Spillerinne staark Leeschtunge gewisen.

Eng kloer Victoire gouf et fir d'Amicale Steesel, d'Ekipp vum Trainer Erny Gruskovnjak setzt sech auswäerts mat 92:64 géint d'Musel Pikes duerch. Dobäi konnt d'Mikayla Ferenz 35 Punkte markéieren, d'Mandy Geniets huet an hirem éischte Match fir Steesel 27 Punkte bäigesteiert.

Den AB Conter wënnt mat 73:58 géint de Basket Esch. Mat 40 Punkten a 17 Rebounds konnt d'Profispillerin Beyonce Marie Bea iwwerzeegen.

Um Sonndeg konnt sech Bartreng no engem staarke véierte Véierel mat 69:50 zu Wolz duerchsetzen. Dobäi hunn d'Gäscht ouni Profispillerin gespillt. 4 Spillerinne vun der Sparta hu méi wei 10 Punkte markéiert, d'Nicole Torresani koum op 16 Punkten.