Diddeleng no knapper Defaite eliminéiert

© AFP
Den HB Diddeleng gouf e Samschdeg no enger ganz onglécklecher 38:39-Defaite zu Sassari aus dem EHF European Cup eliminéiert.
Nom 36:36-Remis e Freideg aus dem Allersmatch huet sech Diddeleng am Retourmatch misse géint Raimond Sassari aus Italien geschloe ginn. De Lëtzebuerger Handball-Rekordchampion war nach ronn 20 Sekonne viru Schluss ee Gol am Avantage, ma d'Italiener hunn d'Partie awer nach gedréint krut. Och déi 14 Goler vum Diddelenger Oje Etute si schlussendlech net duergaangen, fir sech eng Plaz am nächsten Tour ze sécheren.
Wat a priori wéi eng ganz onglécklech Defaite kléngt, gëtt anescht ugesi wann een d’Detailer vun de leschte Sekonnen consideréiert.
Hei en Zitat vum Vizepresident vum HB Diddeleng Lynn Spielmann, deen als Responsabele fir d’Coupe d’Europe fir den HBD zu Sassari war:
"Et ass ganz onglécklech déi lescht Minutt gelaf. Mir hunn 30 Sekonne viru Schluss de Ball recuperéiert a waren ee Gol vir. A wéi an där Situatioun üblech ass, hëlt den Trainer en Team-Time-Out fir d'Ekipp nach eng Kéier ze recadréieren, fir datt d'Ekipp net soll de Ball verléieren. Mee de Chaos an der Hal war esou grouss an den offiziellen Delegéierte souz net um Dësch, mee stoung nieft dem Dësch an huet net matkrut, datt de Martin Hummel den Time-Out gefrot huet. An déi zwou Chronometreusen um Dësch och net esou, datt mir de Ball verluer hunn an d’Italienier op Gläich komm sinn. An do eng 2. Kéier nees dat selwecht. Do ass och nach d'Sireen an der Hal gaangen, esou datt verschidde Spiller vun eis opgehalen hu mat spillen, wat den Italieener erlaabt huet, an der leschter Sekonn nach e Gol ze schéissen. Wéi gesot mir si vum offiziellen Dësch benodeelegt ginn, well den EHF-Delegéierte seng Roll net gespillt huet...ob mir Protest aleeën oder net dat muss een ofschätzen, wat dat implizéiert. Mir hu bis den Owend 8 Auer Zäit Protest anzeleeën, 24 Stonnen nom Match. De Comité ass an d'Bild gesat. Mir wäerten déi Decisioun de Mëtteg huelen. Et ass awer esou, datt dat bescht méiglechst Resultat wat mir kënne kréien, ass, datt de Match nees zu Sassari géif frësch gespillt ginn."
Um Enn huet Diddeleng aus finanzielle Grënn kee Protest ageluecht.