Dammen-Nationalekipp verléiert zweemol géint d'Belsch
E Freideg an e Samschdeg hunn d'Lëtzebuerger Dammen zwee Testmatcher géint d'Belsch gespillt, fir sech op d'WM-Qualikatioun am Oktober ze preparéieren.
D'Lëtzebuerger Handball-Dammen hunn déi zwee Testmatcher géint d'Belsch verluer. E Freideg gouf et eng knapp 23:28-Néierlag fir d'Ekipp vum neien Nationaltrainer Michel Scheuren, e Samschdeg war den Ecart awer méi grouss. Do hunn d'Belsch kloer 34:22 géint d'Rout Léiwinne gewonnen.
Et waren déi éischt Matcher ënner dem neien Nationaltrainer Michel Scheuren, deen d'Amt vum Alexandre Scheubel iwwerholl huet. Hie gëtt vum Erny Hoffmann assistéiert. De Scheubel gouf am Abrëll zum Directeur technique national vun der Handballfederatioun ernannt, nodeem de Maik Handschke zum Hären-Nationaltrainer beruff gi war.
Ënner dem neien Trainer kruten och eng Rei nei a jonk Gesiichter hir Chance an der Nationalekipp, well gestane Spillerinne wéi Kim an Joy Wirtz bei dësem Stage gefeelt hunn.
Den éischte Match zu Nidderkuer war op béide Säite vu villen technesche Feeler gepräägt an dat wärend dem ganze Match. Déi éischt Véierelstonn war ausgeglach, duerno konnt sech Lëtzebuerg eng éischt Kéier mat 3 Goler ofsetzen. No engem Timeout koum d'Belsch nees erun a konnt 2 Minutte virun der Paus d'Féierung iwwerhuelen. D'Säite goufe bei 11:13 gewiesselt.
Lëtzebuerg huet och an den zweeten 30 Minutte vill op de géigneresche Gol geschoss, ass awer ze dacks un der belscher Golkippesch hänke bliwwen. Och déi vill technesch Feeler hunn e bessert Resultat verhënnert, soudass et um Enn 28:23 fir d'Belsch stoung.
Den zweete Match zu Diddeleng ass sécher guer net zur Zefriddenheet vum neien Nationaltrainer verlaf. Lëtzebuerg ass mat engem 0:6 an de Match gestart a krut sech dovun net méi erholl. Nodeem et zur Paus 16:10 fir d'Belsch stoung, hate sech d'Rout Léiwinne vill virgeholl, mee vill Zäitstrofen hunn eng Ophueljuegd verhënnert. Um Enn stoung e kloert 34:22 fir d'Gäscht.
D'Resultater dierfte wuel zweetrangeg gewiescht sinn. Et ware villméi zwee wichteg Testmatcher virum Qualifikatiounsturnéier fir d'WM 2025 Enn Oktober an Italien. Do trieden d'Lëtzebuergerinne géint den Organisateur a Bulgarien un. D'Belsch war e gudden Testgéigner, well si och am selwechten Tour untriede mussen.