Och wann d’Päif un de berüümten Nol gehaange gëtt, bleift hien dem Basket erhalen.

No 2.260 nationalen an 150 internationale Matcher hält de Marc Mouton als Basketsarbitter op an domat och ee vun deene beschten Arbitteren aus dem Land.
 
33 Joer war de Marc Mouton Arbitter. Eng laang Zäit. Präparatiounen op d'Saison goufen awer an der Lescht ëmmer méi schwiereg. Net well d'Loscht ofgeholl huet, mee well de Kierper net méi richteg matgemaach huet. Wéi d'Basketspiller mussen och d'Arbitteren de Fitnesslevel an d'Luucht schrauwen, fir eng Saison ze packen.
 
"Ech hat déi lescht 3 Joer ëmmer vill kleng Blessuren. Déi sinn ëmmer nees erëmkomm. Ech hat d'Gefill, wann ech dat elo nach eng länger Zäit maachen, gëtt dat méi schlëmm, dass ech duerno net méi lafe kann. Ech ginn awer immens gär lafen. Ech sinn och elo nees fit a wëll, dass dat och esou bleift."
 
Op nationalem Plang huet de Marc Mouton 2005 déi éischt Coupefinall an der Coque mat arbitréiert. Am Palmarès stinn no der Karriär am ganzen 11 Coupefinallen. Och Partien op internationalem Parquet waren en Highlight, ënnert anerem Matcher am Eurocup. Et sinn awer net direkt déi Momenter, déi hänke bleiwen.
 
"Et si Frëndschaften, déi sech iwwer déi Joren entwéckelt hunn. Hei am Land oder am Ausland. Et huet een iwwerall an Europa Leit kennegeléiert, déi Kolleege gi sinn. Mat deenen hunn ech haut nach Kontakt, och wann ech net méi päifen, an dat ass immens flott." 
 
Wisou mir den Interview um Gréngewald gemaach hunn, hat och e bestëmmte Grond.
 
"Hei huet alles ugefaangen. Ech si praktesch an der Hal op d'Welt komm. Mäi Papp war iwwer 30 Joer President, meng Mamm huet iwwerall gehollef, mäi Brudder huet gespillt. Dat heescht vu klengem un an der Hal an och hei ugefaange mat Basket spillen."
 
Och wann d'Päif elo net méi an de Grapp geholl gëtt. Ganz ouni Basket geet et dann awer net. 
 
"Ech war niewelaanscht nach Instrukter. Dat heescht ech hunn d'Formatioun vun den Arbittere gehalen an och d'Observatioune gemaach. Dat maachen ech elo ganz. Dat heescht ech wäert weider Matcher kucke goen an d'Arbittere coachen."
 
D'Federatioun wäert sech besonnesch freeën, fir op d'Experienz vum Marc Mouton kënnen ze zielen.