No enger klorer a verdéngter 30:18-Victoire stinn d’Damme vum HBD am 3. Tour vum EHF European Cup. Dës Matcher ginn am November gespillt.

Diddeleng gewënnt de Retourmatch 30:18 géint den hollännesche Vertrieder Velo a qualifizéiert sech fir den nächsten Tour. D’Ekipp aus der Forge du Sud war virun enger Woch doheem mat 22:17 als Gewënner géint Velo vum Terrain gaangen an hat eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch.

Den HBD huet vun Ufank u gewisen, dass si an den nächsten Tour wëllen an haten de Match séier ënner Kontroll. Den 2:2 no 5 Minutte war déi lescht Kéier, dass Velo an der Reechwäit vum Lëtzebuerger Coupegewënner war. No enger Véierelsstonn louche Kim Wirtz & Co 10:4 vir.

Och duerno war bei Velo de Wuerm dran an dem aktuellen Tabelleleschten an der hollännescher Eredivisie si bis zur Paus (18:7 aus Diddelenger Siicht) just nach 3 Goler gelongen. Dat louch och un enger Rëtsch Parade vun der Diddelenger Golkippesch Leythienne an enger staarker Defense.

Och am zweeten Duerchgang huet d’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor eng konzentréiert Leeschtung gewisen. Ënnert der Regie vun der nees staarker Sharon Dickes huet Diddeleng Velo net nach eng Kéier d’Chance ginn, erunzekommen, obwuel d’Lokalekipp mat vill Elan aus de Kabinne komm war. Diddeleng huet 7 Minutte fir den éischte Gol gebraucht.

Uschléissend konnt den HBD d’Avance nees ausbauen an d’Erreeche vun der drëtter Ronn fréizäiteg feieren. Dat huet och eng grouss Zuel un Diddelenger Supporter gemaach, déi mat op Wateringen, dat hanner Rotterdam läit, gereest waren.

Et ass déi éischt Kéier zënter der Saison 2021/22, dass Diddeleng am drëtten Tour steet. Géint wie si untriede mussen, ass nach net gewosst, mee d’Matcher ginn am November gespillt.