Ronn 600 Leeferinnen a Leefer sinn e Sonndegmoie bei nidderegen Temperaturen vun den Depart vun der siwenter Editioun vum Wengert's Trail gaangen.

Kuerz nom Depart maachen d'Participanten Bekanntschaft mat den Trapen. Déi 2 Trail-Spezialiste Sven Remakel an Luca Clees gehéieren zu deene wéinegen, déi de Wee am Lafen erop packen, deenen aneren lafen d'Schweessdrëpsen am Goen d'Stier erof. Fir bei d'Statue vum Donatus erop, sinn et d dem Organisateur no 610 Trapen .

Néng Museksgruppen, verdeelt iwwer de ganze Parcours, droen dozou bäi, dass trotz der Ustrengung de Spaass an d'Freed  bestoe bleiwen.

Vill Leeferinnen a Leefer sinn a Gruppen ënnerwee an erliewen a flotte Nomëtte an enger lockerer Ambiance, woubäi si wëssen, dass d'Schmaache vum Wäin, Auswierkungen op d'Lafe kann hunn. D'Lafen duerch déi  wonnerschéi Landschaft, dréit iwwerdeems mat derzou bäi dass d'Popularitéit vum Wengert's Trail esou grouss ass.