Bierchem an Esch musse sech am Retourmatch strecken

© Cliff Block
Am EHF European Cup waren dëse Weekend déi éischt Matcher vum 2. Tour. Hei gouf et fir d'Lëtzebuerger Vertrieder net vill ze huelen.
Am 2. Tour vum EHF European Cup war den HC Berchem e Samschdeg den Owend op Besuch beim RK Partizan Belgrad. De Lëtzebuerger Champion ass do mat 24:35 ënnert d'Rieder komm a brauch am Réckmatch nächste Weekend zu Lëtzebuerg e Wonner.
D'Réiserbänner konnten déi éischt 12 Minutte gutt mathalen (7:7), mee hunn duerno wärend 10 Minutte kee Gol méi markéiert an en 0:7-Laf géint sech kritt. Dovu konnt sech d'Ekipp vum Trainer Marko Stupar net méi erhuelen.
Och no der Paus (10:15 aus Bierchemer Siicht) ass de serbeschen TGV weidergerullt, ouni dass Bierchem e gestoppt wierklech krut. Partizan louch no 42 Minutten eng éischt Kéier 10 Goler vir an huet dës Avance och konstant gehalen, fir um Enn mat 35:24 ze gewannen. Beschte Werfer op Bierchemer Säit war de Yann Hoffmann mat 10 Goler.
Esch war als zweet lëtzebuergesch Ekipp géint HC Motor Saporischschja gefuerdert. Den ukrainesche Vertrieder war an de leschte Jore stännege Participant an der EHF Champions League, huet de Gros vu senger Ekipp awer wéinst der Situatioun an der Ukrain verluer a baut sech grad nei op.
No ongeféier enger Véierelstonn huet Saporischschja de Match an de Grëff kritt an huet Esch, dat sech seng Plaz an der Europacoupe jo duerch de Gewënn vun der Lëtzebuerger Coupe verdéngt hat, op Distanz gehalen. Stoung et no 15 Minutten nach 5:7 aus Escher Siicht, war et no 22 Minutte 7:12. D'Lëtzebuerger Ekipp huet sech awer net hänke gelooss a koum bis zur Paus nach eng Kéier op 14:17 erun.
Nom Säitewiessel konnt den HBE de Match laang spannend halen (22:24 no 45 Minutten), mee duerno hunn d'Kräfte beim Lëtzebuerger Vertrieder nogelooss an d'Ukrainer konnte lues awer sécher dervunzéien. Um Enn huet sech Saporischschja, dat an der leschter Saison am 1. Tour de Géigner vu Käerjeng war, 32:26 duerchgesat an huet e komfortabelen Avantage fir de Retourmatch.