Wonner vu Bierchem bleift aus

© AFP (Archiv)
D'Réiserbänner sinn nom 22:27 net méi an Europa ënnerwee. Partizan Belgrad war eng Nummer ze grouss fir de Lëtzebuerger Champion.
Den HC Bierchem verabschit sech schonn no engem Tour vun der europäescher Bün. No der 11-Goler-Néierlag zu Belgrad virun enger Woch huet sech de Lëtzebuerger Champion och am Retourmatch virun den eegene Spectateure misse geschloe ginn an dat mat 22:27.
Déi éischt 20 Minutten tëscht Bierchem an dem serbesche Coupe-Gewënner waren ausgeglach an d'Ekipp aus dem Grand-Duché louch beim Stand vu 6:7 mat nëmmen engem Gol hannen. Duerno waren et allerdéngs net d'Réiserbänner, déi sech den dringend néidegen Avantage konnten erausspillen, ma et war de Géigner, dee sech liicht ofsetze konnt. An der Paus louchen déi Bierchemer mat 10:14 am Réckstand.
No der Paus ass Bierchem no 40 Minutten nach emol bis op ee Punkt erukomm. Partizan hat awer eng Äntwert parat a konnt den Avantage nees liicht vergréisseren. Bis zum Schluss war et een enke Match tëscht béiden Ekippen, dee Bierchem um Enn mat 22:27 verluer huet. Domadder ass eng kloer Reaktioun vu Bierchem ausbliwwen an et ass een eliminéiert.
Bei Bierchem huet de Yann Hoffmann mat 7 Goler am dackste markéiert.
Bierchem hat schonn an der Saison 2021/22 Bekanntschaft mam Géigner aus Serbien gemaach. Deemools gouf et am Allersmatch zu Crauthem eng 31:30-Victoire, mee de Retourmatch goung mat 33:22 un d'Serben.