D'FLH-Damme louchen an der Paus mat 10:16 am Réckstand an hunn no 60 Minutte mat 21:33 de Kierzere gezunn.

De Weekend vum 26. a 27. Oktober gëtt de Qualifikatiounstournoi fir d'Weltmeeschterschaft 2025 vun den Dammen am italieenesche Chieti organiséiert. Bei dësem Tournoi kämpfen nieft Lëtzebuerg nach den Organisateur Italien a Bulgarien ëm en Ticket fir déi nächst Qualifikatiounsphas. Just déi éischt Ekipp kënnt eng Ronn weider.

Nodeems sech Italien e Freideg am éischte Match géint Bulgarien kloer 29:21 duerchgesat hat, war et um Samschdeg den éischten Asaz vun de Roude Léiwinnen. Si hunn de Match géint Bulgarien kloer mat 21:33 verluer.

Den éischte Gol vum Match ass op de Kont vun de Lëtzebuergerinne gaangen. Beim Stand vun 3:3 ass et dunn awer scho Bulgarien gelongen, fir sech eng Avance erauszespillen. No enger Véierelsstonn stoung et 5:10 aus Siicht vun de Roude Léiwinnen. Dem Tina Welter a Co ass et net gelongen, fir de Réckstand méi kleng ze maachen. Beim Stand vun 10:16 ass et an d'Paus gaangen.

Och no der Paus war et dat nämmlecht Bild. Bulgarien huet am Match weider den Toun uginn an déi jonk Lëtzebuerger Ekipp huet kee Mëttel dogéint fonnt. No 37 Minutte louch ee mat 9 Goler hannen. Duerno ass et der Ekipp vum Nationaltrainer Mich Scheuren zwar gelongen, fir duerch dräi Goler noeneen de Réckstand ze verkierzen, ma méi huet Bulgarien net zougelooss. Virun allem déi lescht 10 Minutten ass de Réckstand vu Lëtzebuerg nach emol kloer méi grouss ginn, sou datt ee sech um Enn muss mat 21:33 géint Bulgarien geschloe ginn.

Op Lëtzebuerger Säit huet d'Tina Welter mat 5 Goler am heefegste markéiert. Bei Bulgarien war dat d'Polina Ivanova Gencheva mat 12 Goler.

Lëtzebuerg ass dann e Sonndeg géint déi staark Italienerinne gefuerdert. Um 18.30 Auer gëtt de Match ugepaff a live op RTL.lu iwwerdroen.

D'FLH-Delegatioun hat kuerz virum Depart an Italien nach ëmdisponéiere mussen. Wéi d'Handball-Federatioun en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt hat, ass den Erny Hoffmann schonn no 5 Méint "net méi Deel vum Trainerstaff".