Eng staark éischt Hallschent geet Lëtzebuerg net duer

Am 1. Match vun der Qualifikatioun fir d’EM 2026 verléieren d’Rout Léiwen zu Prag 17:23 géint Tschechien. E Samschdeg ass schonn den nächste Rendez-vous.
Lëtzebuerg huet an der éischter Hallschent eng staark Leeschtung gebueden, muss um Enn awer eng däitlech Néierlag astiechen.
D’Ekipp vum Nationaltrainer Maik Handschke verléiert den éischte Match vun der Gruppephas 17:23 géint Tschechien. De leschte Match géint d’Tschechen hat Lëtzebuerg viru 16 Joer gespillt, wou et zwou kloer Néierlage gouf. Tschechien war am Januar nach bei der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi.
Lëtzebuerg konnt d’Tschechen déi éischt 15 Minutte gutt a Schach halen (6:5), och duerch eng kompakt Verdeedegung a kloer strukturéiert Ugrëffer. Virun allem de Kapitän Ben Weyer hat mat sengen 3 Goler groussen Undeel um gudden Tëscheresultat.
No der 20. Minutt huet den tschechesche Golkipp Tomas Mrkva, dee beim THW Kiel an der däitscher Bundesliga spillt, zwee Schëss hannertenee vum Felix Werdel a Lé Biel paréiert, woumat sech d’Tschechen e klengen Ecart erausspille konnten (11:7).
Den Nationaltrainer Maik Handsche war mat der Leeschtung vu senger Ekipp bis dohin zefridden. Dat sot hien hinne wärend engem Timeout. No dësem Timeout hunn d’Rout Léiwen den Turnaround gepackt a koume bis kuerz viru Schluss nach eng Kéier op ee Gol erun (10:11). Och hei hat d’Defense hiren Undeel, well d’Tscheche blouwen iwwer 5 Minutten ouni eegene Gol. Mam Pausepëff konnt d’Lokalekipp dëse Bann awer briechen.
Vill technesch Feeler vu Lëtzebuerg am Ufank vun der zweeter Hallschent hunn dozou gefouert, dass d’Ekipp vum Trainer Xavier Sabate, deen och bei Wisla Plock a Polen als Trainer aktiv ass, dovu profitéieren an den Ecart maache konnt. Ausserdeem hunn d’Tschechen den Tempo awer och vu sech aus ugezunn.
D’Rout Léiwe sinn net méi an de Flow vun der éischter Hallschent komm a hunn am Ugrëff keng Léisunge méi fonnt géint eng méi kompakt stoend tschechesch Defense. Beim Stand vun 21:13 fir d’Tschechen an der 50. Minutt war kloer, dass fir eng lëtzebuergesch Iwwerraschung net duergoe sollt. Um Enn war et e Réckstand vu 6 Goler.
Positiv aus Lëtzebuerger Siicht war virun allem d’Leeschtung an der Defense vum jonke Sam Richard a sengem éischte Lännermatch. De Ben Weyer war mat 4 Goler beschte Buteur.
E Samschdeg waart mat Kroatien, dat ë.a. mam Domagoj Duvniak, dem fréiere Welthandballer, untriede wäert, e weidere schwéiere Match op d’Rout Léiwen.
De Rendez-vous ass um 20.15 Auer an der Coque.