Domat ass d'Saison fir de Lëtzebuerger Handballnationalspiller sou gutt wéi gelaf.

Batter Confirmatioun fir de Yann Hoffmann. D‘Achillesseen um Sprongbeen vum 30 Joer ale Lëtzebuerger Handballnationalspiller ass komplett duerch. De Spiller vum Champion HC Bierchem, deen d’lescht Saison beschte Buteur am nationale Championnat war, muss elo operéiert ginn. De Yann Hoffmann war e Samschdeg am Qualifikatiounsmatch fir d'Europameeschterschaft vun der FLH-Formatioun am Gymnase vun der Coque géint Kroatien, direkt am Ufank vun der zweeter Hallschent onglécklech gefall. E Rass vun der Achillesseen bedeit am Prinzip en Out vun op d'mannst 6 Méint. Un e Retour um Terrain virum Enn vun der Saison ass domat fir de Spiller vun deene Réiserbänner kaum ze denken.