
Wéi déi franséisch Sportszeitung “L’Équipe” schreift, wier d’Geriicht zu der Conclusioun komm, datt de Gérad Lopez sech der Bäihëllef zum illegalen Ausübe vum Beruff vum Sportagent schëlleg gemaach hätt. Ausserdeem hätt hie wärend senger Zäit als President vum OSC Lille e Mataarbechter net korrekt ugemellt.
A béide Punkte geet et ëm d’Relatioun tëscht dem OSC Lille an dem Karim Saada. De Club hat de Saada am Oktober 2017 agestallt, ma den Aarbechtsvertrag gouf eréischt am Mäerz 2018 regulariséiert.
De Karim Saada selwer gouf da schëlleg geschwat, de Beruff vum Sportagent ouni valabel Lizenz ausgeüübt ze hunn. Hie krut eng Prisongsstrof vun 10 Méint op Sursis an eng Geldstrof vu 5.000 Euro. Den OSC Lille hat de Saada beoptraagt, “enk Relatioune mat engem offiziellen Agent opzebauen”. Déi 34.000 Euro, déi hien dofir vum Club krut, goufe vun der Justiz agezunn.
De Gérard Lopez huet 10 Deeg Zäit, fir géint d’Urteel an Appell ze goen.