E Freideg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vum 16. Spilldag, bei den Damme war den Optakt vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun.

Hären 

Den Tabelleleader Etzella Ettelbréck baut de Virsprong op d'Konkurrenz weider aus. D'Ekipp aus dem Norde setzt sech auswäerts spektakulär per Buzzer Beater géint d'Sparta Bartreng duerch. Nodeems d'Gäscht sech am drëtte Véierel e klenge Virsprong erkämpft haten, huet Bartreng sech am véierte Véierel zeréckgemellt an d'Entscheedung sollt an enger spannender Schlussphas falen. De Jimmie Taylor huet dobäi mat der Schluss-Sireen zum 86:84 fir Ettelbréck eragesat. De Quatarrius Wilson hat mat 24 Punkten déi meeschte Punkte fir d'Etzella geworf.

Den AB Conter séchert sech déi 10. Victoire des Saison mat engem däitlechen 78:49 géint den Opsteiger Munneref. D'Lokalekipp hat mam Khalil Small nëmmen ee Profispiller am Kader. Nodeems béid Ekippen an der éischter Hallschecht wéineg Reussite haten, louchen d'Gäscht 34:23 a Féierung. Nom Säitewiessel huet de Favorit sech mat engem 25:10 am drëtte Véierel entscheedend ofgesat. Um Enn haten de Prince Foster an de Riley Grigsby

Dammen

Bei den Damme gouf den éischte Match vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun gespillt. D'Sparta Bartreng setzt sech kloer mat 84:55 géint Wolz duerch. Nom éischte Véierel louch d'Lokalekipp schonn 31:9 a Féierung an den Trainer Mike Feyder huet duerno vill rotéiert. Um Enn hat d'Kyaja Williams 29 Punkten um perséinleche Kont.