Am Dezember hat sech de Veräin vum Trainer Filipe Ribeiro getrennt.

An engem Communiqué huet d'Union Titus Péiteng e Sonndeg hiren neien Trainer virgestallt, deen e Kontrakt fir de Rescht vun der Saison ënnerschriwwen huet. Den Akil Momade, deen domadder de Filipe Ribeiro ersetzt, hëlt gläichzäiteg d'Funktioun als neie Responsable technique an.

Den Akil Momade war nieft senger Trainerkarriär och scho Scout a Manager a verschiddene portugisesche Veräiner.

An der BGL Ligue steet d'Union-Titus Péiteng no 15 Spilldeeg mat 17 Punkten op der 10. Plaz. Fir den éischte Match no der Wanterpaus geet et den 9. Februar bei den Tabelleleschten op Monnerech.