Net fir d'éischt
Tyson Fury huet säi Récktrëtt vum Boxen annoncéiert

© AFP
De Britt huet dëst e Méindeg op de soziale Medie matgedeelt, et ass allerdéngs net déi éischte Kéier datt hien zerécktrëtt.
De Fury war iwwer Joren dee beschten Boxer am Schwéiergewiicht, bis hien 2024 zweemol géint den Ukrainer Oleksandr Usyk verluer huet. Dës si seng eenzeg Néierlagen a 37 Kämpf. 2015 hat de Fury déi éischte Kéier esou richteg vu sech schwätze gedoen, nodeems hien de Wladimir Klitschko geklappt hat, deen do virdrun 11 Joer ongeschloen war.
Am meeschte gelies