Walfer Coach no Match zesummegeschloen, Zolwer schreift vun net reellen Aussoen

© AFP-Archiv
De Basketballclub vu Walfer weist sech en Dënschdeg op de soziale Medie schockéiert.
Dat well ee vun hiren Trainer no engem Auswäertsjugendmatch virun den Ae vun de Spiller vun engem Papp an Offizielle vun där anerer Ekipp zesummegeschloe gi wier. De Coach hätt missen an d‘Klinik an huet Plainte bei der Police gemaach, heescht et weider.
De President vum BBC Residence Walfer Alain Weins schreift, datt et katastrophal fir de Sport ass, datt et schlëmm awer gläichzäiteg och traureg ass. Physesch an awer och verbal Aggressivitéit hätte keng Plaz am Sport an hei misst gehandelt ginn, esou de President vun der Residence.
Kuerz drop reagéiert de viséierte Veräin. De Basket Zolwer betount, dass de Post just en eesäitegen Avis wier an net der reeller Situatioun géing entspriechen. Des Weidere géif ee gär den offizielle Rapport vun den Arbitter ofwaarden. Zousätzlech hätt een eng Rei Temoignagen un d’Basketfederatioun viruginn. Virdru géif de Club vun Zolwer keng weider Stellungnam ofginn, esou de President vum Club op RTL Nofro.
De Conseil d’Administratioun vun der Basketfederatioun kënnt en Dënschdeg den Owend zesummen, dëse Punkt wier mëttlerweil och um Ordre du jour opgeholl ginn, esou heescht et aus Basketskreesser.
Méi spéit huet et nach vun der Police geheescht, datt effektiv an dëser Hisiicht eng Plainte entgéintgeholl gouf. Deemno goufen déi néideg Schrëtt an d’Weeër geleet.