D'Kris beim BVB gëtt méi grouss an den Trainerstull vum Nuri Sahin wackelt ëmmer méi.

E Freideg den Owend huet an der däitscher Bundesliga Borussia Dortmund och den drëtte Match am neie Joer verluer a rutscht nom 0:2 bei Eintracht Frankfurt ëmmer méi déif an d'Kris.

Op Säite vu Frankfurt huet den Top-Stiermer Omar Marmoush gefeelt, hie steet kuerz virun engem Transfert bei Manchester City. Ma d'Ekipp vum Trainer Dino Toppmöller huet sech dovunner onbeandrockt gewisen. Den Ekitiké (18.) an den Höjlund (90.+2) hu fir déi drëtt Victoire am drëtte Match 2025 gesuergt.

An der franséischer Ligue 1 huet Montpellier mat 2:1 géint den AS Monaco gewonnen. Béid Goler huet den Al-Tamari (55', 82') geschoss.

Lille huet mat 2:1 géint Nice d'Iwwerhand behalen. Duerch d'Victoire ass een an der Tabell laanscht Monaco gezunn an et steet een elo op der 3. Plaz. D'Gäscht waren an der 29. Minutt duerch den Diop a Féierung gaangen. No der Paus konnt Lille d'Partie dréinen. An der 48. Minutt hat den Haraldsson den 1:1 markéiert an an der 63. Minutt hat den Diakite den decisiven 2:1 geschoss.