Djokovic wënnt Generatiounenduell, Badosa eliminéiert Gauff

© AFP
En Dënschdeg sinn déi éischt Véierelsfinalle bei den Australian Open gespillt ginn, dorënner och de Match Djokovic-Alcaraz.
Bei den Hären huet den Alexander Zverev sech als éischte Spiller fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Den Däitschen huet sech mat 7:6, 7:6, 2:6 a 6:1 géint den US-Amerikaner Tommy Paul duerchgesat. An der Ronn vun de leschte véier kritt hien et elo mam Novak Djokovic ze dinn. De Rekordgewënner vun den Australian Open huet sech am Generatiounenduell mat 4:6, 6:4, 6:3 a 6:4 géint de Carlos Alcaraz aus Spuenien duerchgesat.
Bei den Damme kritt d‘Aryna Sabalenka aus Belarus et an der Halleffinall mam Paula Badosa aus Spuenien ze dinn. D‘Sabalenka, d'Nummer 1 op der Welt, huet sech an der Véierelsfinall an dräi Sätz géint d‘Anastasia Pavlyuchenkova aus Russland duerchgesat, iwwerdeems d'Badosa iwwerraschend d'US-Amerikanerin Coco Gauff eliminéiert huet.