Novak Djokovic ka weider Geschicht schreiwen
Nom Récktrëtt vum Roger Federer an dem Rafael Nadal ass den Novak Djokovic dee leschte vun den dräi Tennis-Legenden, deen nach spillt.
De wuel beschte Spiller vun allen Zäiten huet sech den Dënschdeg de Mëtteg géint de Carlos Alcaraz fir d'Halleffinall vun den Australian Open qualifizéiert. Et war e Kampf vun de Generatiounen. Mat 21 Joer hätt de Carlos Alcaraz dee jéngste Spiller vun allen Zäite kënne ginn, deen a senger Karriär déi 4 Grand Slams gewonnen huet. Mee de Spuenier muss sech nom Out an der Véierelsfinall vun den Australien Open wéinstens nach e Joer gedëllegen.
Och wann et nom éischte Saz gutt fir de Carlos Alcaraz ausgesinn huet. D'Nummer 3 op der Welt huet dee 6:4 gewonnen. Den Novak Djokovic war an dësem éischte Set net nëmmen ee Break vir, mee hat och liicht Problemer an der Déckt vum lénke Been. Mee de 37 Joer ale Serb huet sech net kleng kréie gelooss. D'Dramatik an der Rod Laver Arena ass nom 6:4 vum Djokovic am zweete Saz geklommen. An den Djoko huet net nogelooss a virun allem vun de ville méi liichte Feeler vu sengem Géigner profitéiert, dat natierlech um allerhéchsten Niveau. Den Djokovic huet den drëtte Saz 6:3 gewonnen an hat de Match domadder gedréit. Well de Rekord-Grand-Slam-Gewënner huet de Match net méi aus der Hand ginn.
An hien huet elo d'Chance, zwee vu senge Rekorder weider ze verbesseren. Matt 11 Succèse bei den Australian Open hätt den Novak Djokovic säi 25. Grand Slam gewonnen. Nom 4:6, 6:4, 6:3 a 6:4 géint de 16 Joer méi jonke Carlos Alcaraz steet de Serb elo zu Melbourne an der Halleffinall. An do heescht de Géigner Alexander Zverev, ëmmerhin d'Nummer 2 op der Welt.