ITF-Tournoi zu Esch, Chris Rodesch op 1 gesat

De Chris Rodesch hei lénks am Bild. / © Claire Pepin a Laura Poos
Dës Woch ass zu Esch am nationalen Tenniszenter déi éischte Kéier iwwerhaapt hei am Land gläichzäiteg en ITF-Tournoi fir d'Dammen a fir d'Hären.
Dee bei den Hären gëllt aus FLT-Siicht virun allem als Preparatioun op d'Renconter am Davis Cup den 1. an 2. Februar an der Coque géint Litauen. Elo zu Esch huet de Chris Rodesch, d'Lëtzebuerger Nummer 1 am Tennis, d'Zil, den Tournoi am CNT ze gewannen, esou wéi am Summer an der Minettmetropole schonn dobaussen.
"Et sinn extreem gutt Spiller do. Ech hu gesinn, ech sinn op Nummer 1 gesat. Dat heescht, jo, ech hunn eng gewësse Favoritteroll, déi ech do hunn. Et si gewëssen Erwaardungen u mech. All Match gëtt schwéier. Op dësem Niveau kann ee kee Match op d'liicht Schëller huelen an et si fënnef Matcher, déi ech do muss gewannen, fir esou een Tournoi ze gewannen. Ech hunn et am Summer bewisen, datt ech sou 25.000er ka gewannen. An ech si frou, datt ech esou Matcher och kréie virum Davis Cup."
De Chris Rodesch spillt en Dënschdeg nach am éischten Tour vum Haapttableau géint de Fransous Kenny de Schepper. Do virdru kritt den Alex Knaff et mam Fransous Alexandre Reco ze dinn. Deen anere Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller Aaron Gil Garcia huet an 3 Sätz géint den Däitsche Mika Berghaus verluer.