Um Mëttwoch stoung an der Enovos League bei den Hären ee virverluechte Match vum 18. Spilldag um Programm.

Zu Walfer stoungen sech d'Résidence a Mambra Mamer géintiwwer. D'Lokalekipp huet ënner dem Impuls vum neie Profispiller Malek Green, dee leschte Weekend säin Debut fir de Club gefeiert huet, besser an de Match fonnt a louch an der Hallschecht 48:41 a Féierung. D'Gäscht vu Mamer hunn am drëtte Véierel gutt getraff an insgesamt 36 Punkten an dësen 10 Minutte geworf, wouduerch d'Ekipp mat engem klenge Virsprong an de véierte Véierel gaangen ass. Keng Ekipp konnt sech bis zur Schlussphas ofsetzen, an dëser si Mamer déi entscheedend Aktioune gelong, um Enn wannen d'Gäscht 98:92.

De Jacob Hilmer konnt mat 36 Punkte bei de Gäscht iwwerzeegen, fir Mamer ass et déi fënneft Victoire des Saison, Walfer huet elo dräi Matcher noenee verluer.

Duebele Spilldag

Um Freideg stinn déi weider fënnef Partie vum 18. Spilldag um Programm, e Sonndeg gëtt de kompletten 19. Spilldag bei den Häre gespillt.