No enger dominanter éischter an enger staarker zweeter Hallschent dierf sech Kroatien verdéngt iwwer d’Weiderkommen an d‘Finall freeën.

Et ass ëmmer nees impressionant, wat fir Kräften en Heemvirdeel ausléise kann. An enger mat 15.600 Zuschauer ausverkaafter Hal zu Zagreb huet Kroatien Frankräich phaseweis un d’Mauer gespillt a steet verdéngt an der Finall vun der 29. Häre-Weltmeeschterschaft.

Ugedriwwe vun den eegene Supporteren huet Kroatien vun Ufank un Drock gemaach, mat deem Frankräich iwwerfuerdert gewierkt huet. Wat de Match méi al gouf, hu sech d’Fransouse vun der opgehëtzter Stëmmung ustieche gelooss an hunn ze vill an einfach Ballverloschter produzéiert, oder de kroatesche Golkipp Kuzmanovic stoung am Wee.

D’Ekipp vum islänneschen Trainer Dagur Sigurdsson, deen d’Ekipp eréischt virun 11 Méint iwwerholl huet, huet sech wärend den éischten 30 Minutten an e Rausch gespillt. Dem Sigurdsson säi Pendant op der franséischer Bänk Guillaume Gille huet sech gezwonge gesinn, schonn am éischten Duerchgang zwou Auszäiten ze huelen, wat awer net zur Verbesserung vum franséische Spill bäigedroen huet. Mat 18:11 aus kroatescher Siicht goung et an d’Kabinnen.

An der zweeter Hallschent war et e richtege Kampf. Frankräich wollt sech zeréckkämpfen, Kroatien huet dogéint gehalen. D’Ophueljuegd vu Frankräich gouf duerch eng direkt Rout Kaart fir den Aymeric Minne fréi gestoppt. Zwar konnte Les Bleus de Réckstand op 3-5 Goler reduzéieren, mee méi no hunn d’Kroaten de Rekord-Weltmeeschter net erukomme gelooss. Um Enn gewënnt Kroatien, déi an der Qualifikatioun fir d’EM 2026 och Géigner vun de Lëtzebuerger sinn, 31:28 géint Frankräich.

Mat der Finall wäert och d’Karriär vum Domagoj Duvnjak op en Enn goen. De kroatesche Kapitän hat schonn am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft matgedeelt, dass et seng lescht international Campagne wär.

E Freideg reesen d‘Kroaten op Oslo, wou e Sonndeg d’Finall gespillt gëtt. Wien hire Géigner si wäert, gëtt tëscht Dänemark a Portugal ermëttelt. Et bleift ofzewaarden, wéi vill kroatesch Supporteren de Wee op Oslo fannen an hir Ekipp ënnerstëtze wäerten.