E Freideg huet an der Coque den Euro Meet am Schwammen ugefaangen.

Mat enger 8. Plaz an der A-Finall iwwer 50 Meter Papillon huet déi 25. Editioun vum Euro Meet gutt ugefaange fir de Julien Henx. Hien ass eng Zäit vu 24,5 Sekonne geschwommen. Gewonnen huet den Hollänner Thomas Verhoeven mat engem Chrono vun 23,25 Sekonnen.

Méi wéi gutt huet et fir d'Emma Barthel ugefaangen an dat obschonn d'Woch net optimal gelaf war. Mat enger 1. Plaz iwwer 400 Meter 4 Nages an hirer Serie huet d'Emma Barthel den Euro Meet mat Brio ugefaangen. Déi 15 Joer al Schwëmmerin vu Réiden huet sech géint Konkurrentinne behaapt, déi e gutt Stéck méi al sinn. Um Enn ass et fir si déi 10. Plaz a 5 Minutten, 3 Sekonnen an 11 Honnertstel. Gewonne gouf d'Course vun der Brittin Amalie Smith. Si huet no 4 Minutten, 41 Sekonnen a 70 Honnertstel ugeschloen.
 
De Florian Frippiat schafft zanter September hallef Daags, fir sech kënne méi op den Training ze konzentréieren, mat kuerz a laangfristegen Ziler am Hannerkapp. Och wann de Chrono nach net ganz stëmmt, dann ass déi. 8. Plaz an der A-Finall iwwer 200 Meter Papillon éischter encourageant. De Lëtzebuerger huet no 2 Minutten, 6 Sekonnen an 41 Honnertstel ugeschloen. Den Ukrainer Denys Kesil war mat 1 Minutt, 57 Sekonnen a 96 Honnertstel dee Séiersten.

Hale mer nach fest, dass de Joao Carneiro (2:05.47) d'B-Finall iwwer 200 Papillon gewonnen huet, d'Theodora Grujic (2:30.82) an där selwechter Disziplin an der B-Finall op déi 6. Plaz geschwommen ass, de Stanislas Chausson (24,96 Sekonnen) iwwer 50 Meter Papillon an der B-Finall déi 4 .Plaz erreecht huet an dass d'Lou Jominet (9:07.64) iwwer 800 Meter déi 11. ginn ass.

All d'Resultater vum 1. Dag fannt Dir hei.

E Samschdeg ass d'Suite vum Euro Meet. Op RTL.lu kënnt dir moies d'Virleef suivéieren a mëttes ginn d'Finallen op RTL.lu an um RTL ZWEE op der Tëlee iwwerdroen.

De Replay vum 1. Dag

1. Dag vum Euro Meet: Finallen
Kuckt d'Finalle vun e Freideg am Replay.