Stuttgart muss déi zweet Néierlag hannerteneen astiechen a verléiert den Uschloss un d'Tabellespëtzt. Freiburg hëlt glécklech dräi Punkte mat heem.

A sengem leschte Match als BVB-Trainer huet de Mike Tullberg seng éischt Victoire an der Bundesliga gefeiert. Nom 3:1 ënnert der Woch an der Champions League gouf et e Samschdeg en 2:1 zu Heidenheim, déi weider am Tabellekeller bleiwen. Och wann d'Resultat net sou kloer ausgesäit, ass d'Victoire fir Dortmund verdéngt. De BVB hat de Match am Grëff a konnt an der 33. Minutt a Féierung goen. Nom Säitewiessel haten déi Schwaarz-Giel weider méi Ballbesëtz an hunn den 2:0 geschoss. Heidenheim konnt awer am direkte Géigenzuch den 1:2 schéissen, méi war awer fir d'Ekipp vum Frank Schmidt net dran. Dortmund wäert ab dem nächste Match vum Nico Kovac gecoacht ginn.

Den Tabelleleader Bayern München hat de Match iwwer wäit Strecken am Grëff, huet d'dräi Punkten um Enn awer bal nach aus den Hänn ginn. Um Enn gewënnt de Rekordmeeschter 4:3 géint Kiel. No 45 Minutte stoung et 2:0 fir d'Bayern, no 55 Minutte 4:0. Dem Harry Kane sinn a sengem 50. Match seng Goler Nummer 54 a 55 an der Bundesliga gelongen. Wéi München kloer vir war, huet Kiel nach eng Kéier opgedréint a koum an der Nospillzäit nach eng Kéier bis op ee Gol erun. München konnt de Virsprong awer iwwer d'Zäit bréngen an ass emol provisoresch 9 Punkte viru Leverkusen.

Nom Ausscheeden aus der Champions League muss Stuttgart mat der 1:2-Néierlag géint Gladbach e weidert Negativerliefnes verdauen. Gladbach huet aus enger stabiller Defense eraus clever agéiert a louch an der Paus 1:0 vir. Stuttgart konnt duerch en Eegegol vum Elvedi ausgläichen. An der 82. Minutt huet de Kleindienst den Deckel drop gemaach. Mat dëser Victoire ass Gladbach elo un den internationale Plazen drun, Stuttgart bleift Véierten.

Bochum huet alles ginn, verléiert awer no 90 Minutten 0:1 géint Freiburg. 22 Golschëss sinn der Ekipp aus dem Ruhrpott net duergaangen, fir e Gol ze schéissen. Fir Freiburg ass et déi siwent Victoire hannertenee géint Bochum, awer déi éischt no dräi Néierlagen hannerteneen. D'Breisgauer bleiwen domat an der Tabell op Plaz 9.

St. Pauli an Augsburg trenne sech 1:1, woubäi Augsburg méi zefridde mam Resultat ass wéi d'Hamburger. Augsburg war nämlech iwwer de ganze Match net vill an der Attack ze gesinn; eng Aktioun an der 83. Minutt ass duergaangen, fir den 1:1 ze schéissen.

Am Owesmatch tëscht Union Berlin a Leipzig sinn trotz Nospillzäit keng Goler gefall. Union Berlin war déi besser Ekipp, konnt sech awer net belounen a bleift am Tabellekeller. Leipzig, dat en immens schwaachen Optrëtt gebueden huet, spréngt mat deem enge Punkt laanscht Stuttgart op Plaz 4.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell