Vum 31. Januar bis den 2. Februar steet d'Coque nees am Zeeche vum Euro Meet. Eng Hellewull international Spëtzenathleeten hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt.

Nieft de Lëtzebuerger Schwëmmer fannen och all Joer eng Rei Spëtzenathleeten de Wee op den Euro Meet.

Iwwer 200 Meter Crawl ass d'Italieenerin Sofia Morini déi séierst Zäit geschwommen an huet d'Leah Tigert aus Kanada an d'Maeline Bessard aus Frankräich hannert sech gelooss. An der selwechter Disziplin huet bei de Männer den Illia Linnyk aus der Ukrain gewonnen.

Op der Distanz iwwer 800 Meter Crawl huet sech den Italieener Tommaso Griffante däitlech virum Däitsche Moritz Bockes duerchgesat, dee sech op de leschte Meter nach laanscht de Fransous Damien Joly gedréckt huet.

All d'Resultater vum zweeten Dag fannt Dir hei.

Neien nationale Rekord vum Emma Barthel

D'Emma Barthel realiséiert en neien nationale Rekord iwwer 200 Meter Brasse. Déi 14 Joer jonk Lëtzebuergerin schléit an 2 Minutten, 37 Sekonnen an 13 Honnertstel un a bleift domat zwou Honnertstel ënnert dem ale Rekord vum Aurélie Waltzing aus dem Joer 2011.

D’Emma Barthel koum mat dëser Zäit an der B-Finall op déi zweet Plaz. An der selwechter Course gouf d'Maud Allard dat Siwent.

Mam Louis Eschette an der Jacky Banky ware weider Lëtzebuerger an de B-Finallen ze fannen. De Julien Henx, deen eigentlech Papillon schwëmmt, experimentéiert elo och am Crawl op de kuerzen Distanzen. Och hie war an enger B-Finall vertrueden.

2. Dag Euro Meet: Finallen
Kuckt d'Finalle vun e Samschdeg am Replay.