D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Basket huet d'Méiglechkeet, sech fir eng EM ze qualifizéieren.

No 3 Victoiren an enger Defaite steet d’Lëtzebuerger Damme-Basket-Nationalekipp op der éischter Tabelleplaz am Grupp H an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Déi nächsten zwou Partië sinn entscheedend fir eng historesch Qualifikatioun vun de Roude Léiwinnen. 
 
E Sonndeg de Mëtteg huet d’Ekipp ëm den Trainer Dziurdzia eng zweetleschte Kéier doheem trainéiert, ier et en Dënschdeg a Richtung Sarajevo geet. Den Nationaltrainer muss op d’Ehis Etute verzichten, ass awer der Meenung, dass een déi zwou Partien och ouni d’Spillerin vun den Oregon Ducks gewanne kann, andeems een d’Ekipp nei opstellt. 
 
De Géigner Bosnien-Herzegowina hat am Allersmatch keng Chance géint d'Rout Léiwinnen. An der Coque huet ee mat 77:64 géint Bosnien-Herzegowina gewonnen, zu Sarajevo gëtt en Donneschden den Owend eng weider Victoire ugepeilt.

De leschte Géigner ass Montenegro, deen d’Lëtzebuerger Dammen am November zejoert mat 22-Punkten-Avance an der Coque geklappt haten. E Sonnden den Owend ka Lëtzebuerger Basketgeschicht geschriwwe ginn.
 
Mat 13 Spillerinnen am Kader ass Lëtzebuerg gutt opgesat. Eng direkt Qualifikatioun kann nëmmen duerch 2 Victoirë passéieren. Bei nëmmen enger Victoire muss een hoffen, dass d’Schwäiz keng Partie gewënnt, well am direkte Vergläich ass d’Schwäiz besser positionéiert. Dës historesch Partië kënnt Dir bei eis am Livestream suivéieren.