Um Freideg war an der Enovos League vun den Hären den Optakt vum 20. Spilldag. 

Hei konnt sech Mambra Mamer auswäerts kloer mat 95:81 géint Avanti Munneref duerchsetzen. D'Gäscht haten de bessere Start an de Match a konnte sech am zweete Véierel tëschenzäitlech op 18 Punkten ofsetzen. D'Lokalekipp konnt de Réckstand phaseweis verkierzen, huet sech allerdéngs zu kengem Zäitpunkt nees wierklech zeréck an de Match gekämpft.

Bei de Gäscht hu 5 Spiller op d'mannst 10 Punkte markéiert, de Lazar Lukic hat um Enn 22 Punkten um perséinleche Kont stoen.

Et war déi drëtte Victoire noenee fir Mamer, insgesamt huet d'Ekipp vum Trainer Darko Ristic dës Saison 7 Victoiren um Kont, den Opsteiger Munneref steet op der leschter Plaz an der Tabell mat just zwou Victoiren.

Béid Ekippe wäerten am Ofstigsgrupp openeen treffen, woubäi Mamer sech duerch déi lescht staark Wochen an eng gutt Ausgangslag bruecht huet.

Um Samschdeg stinn déi fënnef weider Matcher vum Spilldag um Programm.