D'Bayern hu sech mat 3:0 géint Bremen behaapt an de PSG war Monaco 4:1 iwwerleeën.

Fir den Optakt vum 21. Spilldag an der däitscher Bundesliga huet Bayern München mat 3:0 (0:0) géint Werder Bremen gewonnen. Fir den däitsche Rekordchampion ass et déi siwent Victoire noeneen.

Laang konnt Bremen den 0:0 géint Bayern halen, dat duerch d'Ongenauegkeeten am Bayern-Ugrëff an duerch d'Mathëllef vun der Lat. An der 56. Minutt huet dunn de Kane d'Lokalekipp duerch e verwandelten Eelefmeter a Féierung bruecht. An der Schlussphas hunn nach de Sané (82') an de Kane mat engem weideren Eelefmeter (90+7') fir d'Schlussresultat gesuergt.

Duerch d'Victoire bauen déi Münchner d'Féierung an der provisorescher Tabell op Leverkusen op néng Punkten aus. Leverkusen ass e Samschdeg zu Wolfsburg gefuerdert.

An der franséischer Ligue 1 huet sech de PSG e Freideg den Owend um Enn kloer mat 4:1 géint Monaco behaapt. No sechs Minutte war d'Lokalekipp duerch de Vitinha a Féierung gaangen. An der 17. Minutt war de Gäscht duerch den Zakaria den Ausgläich gelongen. An der zweeter Hallschent konnt de PSG de Match zu senge Gonschten dréinen, dat duerch Goler vu Kvaratskhelia (54') an Dembele (57', 90').

Mat engem Match méi um Kont huet de PSG elo eng Avance vun 13 Punkten op Marseille. Monaco huet e Réckstand vu 16 Punkten.

An der Serie A an Italien ass Juventus Turin mat 2:1 op Como wanne gaangen. Fir d'Juve huet de Kolo Muani zweemol getraff. Hien hat seng Ekipp an der 34. Minutt a Féierung bruecht an huet an der 89. Minutt den decisiven 2:1 geschoss. Fir d'Gäscht hat den Diao Sekonne virun der Paus ausgeglach.

Den Iwwerbléck vun de Resultater aus dem internationale Futtball fannt Dir hei.