Vum Veräin heescht, den Trainer wier krank a géif dofir beim Optakt vun der Réckronn net op der Trainerbänk sëtzen.

Beim Swift Hesper rumouert et weider. Nach virum Start vun der Réckronn ass den Trainer Emmanuel Da Costa zeréckgetrueden. Hie stoung e Sonndeg beim Match géint Hueschtert net um Bou. Vu Säite vum Veräin huet et virum Match geheescht, den Trainer wier krank a géing dowéinst net op der Trainerbänk sëtzen.

Am RTL-Interview an der Paus vum Match géint Hueschtert huet de President vun Hesper, Fernand Laroche, gesot, datt ee bis elo nach näischt Offizielles kritt hätt. Et géif een nach op de Recommandé waarden.

De Fernand Laroche um Mikro vum Gilles Tricca

Wéi d'Tageblatt gemellt huet, soll den Emmanuel Da Costa e Freideg demissionéiert hunn. D'Viraussetzunge wieren net méi gi gewiescht an dofir hätt hie keng aner Wiel gehat, wéi de Kontrakt opzeléisen, sou den Da Costa géintiwwer der Zeitung.

Den Da Costa hat dës Saison schonn zweemol säi Récktrëtt ugebueden, ma béid Kéiere war dee vun de Responsabele vum Swift net ugeholl ginn.

Zanter Méint gëtt et Rumouers beim Veräin vum Investisseur Flavio Becca. Wéinst Paien, déi net bezuelt gi sinn, ass d'Ekipp am Februar an am Dezember 2024 an de Streik getrueden. An der Wanterpaus hu siwe Spiller de Veräin verlooss an och den Dejvid Sinani wëll net méi fir de Swift um Terrain stoen. Nei Spiller kann een net engagéieren. De Swift däerf nämlech awer wärend dräi Transfertperioden net rekrutéieren, ass um Site vun der FIFA ze liesen. Dëst gëllt fir Clibb, déi géint Virschrëfte verstouss hunn, respektiv bei deenen et Sträit aus finanziellen Ursaache gouf.