Um Sonndeg huet d'Dammennationalekipp de sechsten an domat leschte Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt.

Auswäerts am Montenegro koum et zu engem entscheedende Showdown, fir sech fir d'Europameeschterschaft 2025 ze qualifizéieren.

Lëtzebuerg huet de Match mat 53:86 verluer, duerch déi gläichzäiteg 87:39-Victoire vun der Schwäiz géint Bosnien-Herzegowina ass ee Gruppendrëtten a verpasst d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft.

Nom Match war d'Enttäuschung grouss bei der Lëtzebuerger Delegatioun.

Extrait Magaly Meynadier

"Mir haten e kloert Zil, mir ware mega motivéiert, ons war bewosst, datt mir et kéinte packen. Sou wéi dat Ganzt haut ofgelaf ass, ass eng riseg Enttäuschung, dat gesäit een un der ganzer Ekipp. Ech mengen dat wäert mega schwéier ze verdaue sinn. Villäicht no e puer Deeg kann ee villäicht bësse méi realiséieren an denken et huet een awer an der ganzer Campagne véier Matcher gewonnen, dass awer net näischt, mä wann een esou no un eppes ass, ass et einfach mega schwéier positiv ze sinn. Ech mengen esou eng Chance wäerte mir net nach eng Kéier kréien", sou d'Magaly Meynadier am RTL-Interview.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia huet sech um Enn vun der EM-Qualifikatiounscampagne houfereg gewisen, och wann d'Enttäuschung elo nach grouss wier, well een einfach esou no un der EM dru gewiescht wier. Et hätt een um Enn eng grandios EM-Qualifikatioun gespillt.

D'Lokalekipp huet ganz staark ugefaangen a louch direkt 10:0 a Féierung. Et huet e bësse gedauert, bis d'Rout Léiwinnen hire Rhythmus fonnt haten an esou huet den Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia fréi missen eng Auszäit huelen. Um Enn vum éischte Véierel louch Lëtzebuerg 12:31 hannen. Mat engem Bléck op d'Resultat vun der Schwäiz konnt ee scho fréi dovun ausgoen, dass d'Schwäiz sech wäert géint Bosnien-Herzegowina duerchsetzen. Ëmsou méi ass et fir Lëtzebuerg drëms gaangen, de Match zumindest net ze héich ze verléieren.

Staarken zweete Véierel 

Lëtzebuerg huet sech am zweete Véierel gefaangen an de Réckstand verkierzt. Bis d'Paus ass de Virsprong vun der Lokalekipp op 11 Punkte geschrumpft (37:26) an domat konnt d'Selektioun vun der FLBB nees hoffen, de Match mat manner wéi 11 Punkten ze verléieren a sech domat Plaz 1 am Grupp an déi direkt Qualifikatioun ze sécheren.

Abroch no der Paus 

No der Paus huet Montenegro weider am Rebound dominéiert a gutt aus der Distanz getraff. D'Lokalekipp huet sech ofgesat an domat war fir Lëtzebuerg kloer, dass ee misst onbedéngt op manner wéi 24 Punkte verléieren. Dat ass allerdéngs net gelongen, um Enn verléiert een héich an huet domat och keng Chance méi, sech als ee vun de beschte Gruppenzweete fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren.

D'Magaly Meyndier, d'Anne Simon an d'Amanda Cahill hunn zweestelleg getraff, mee am Rebound war Lëtzebuerg ouni d'Ehis Etute net staark genuch.

Weider Reaktioune vum Nationaltrainer a vum Magaly Meynadier

"Ich bin mega stolz auf diese Mannschaft"
Dat d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia no der verpasster d'Qualifikatioun fir d'EM am Basket.
D'Magaly Meynadier analyséiert de Match géint Montenegro
Lëtzebuerg huet eng héich Defaite géint Montenegro missen astiechen a verpasst esou d'EM am Basket.

Tabell am Grupp H

1. Montenegro (6 Matcher / 10 Punkten) 
2. Schwäiz (6/10)
3. Lëtzebuerg (6/10)
4. Bosnien-Herzegowina (6/6)

Resultater vu Lëtzebuerg

Schwäiz – Lëtzebuerg 48:56
Lëtzebuerg – Bosnien-Herzegowina 77:64
Lëtzebuerg – Montenegro 71:49
Lëtzebuerg – Schwäiz 44:59
Bosnien-Herzegowina – Lëtzebuerg 37:78
Montenegro – Lëtzebuerg 86:53

De Match am Replay