Real wënnt a leschter Sekonn, Kovac wënnt bei Champions-League-Debut fir de BVB

© Paul Ellis / AFP
En Dënschdeg den Owend stoung den Optakt vun de Playoffen an der Champions-League-Saison um Palmarès. Dobäi koum et direkt zu engem knackege Spëtzematch.
An dësem Spëtzematch hu sech béid Formatiounen näischt geschenkt: Wuel war Manchester City zwee Mol a Féierung, mä Madrid konnt ëmmer nees egaliséieren an um Enn an der Nospillzäit duerch e Feeler vu City fir déi éischter Kéier a Féierung goen. Um Enn trenne sech Manchester City a Real Madrid mat engem 2:3. E Resultat, dat d'Spuenier duerchaus freeë wäert.
Am franséischen Duell ka sech de PSG mat 3:0 an der Bretagne zu Brest duerchsetzen. Relativ souverän an ouni esou richteg eppes ubrennen ze loossen, kënne sech d'Männer aus der franséischer Haaptstad géint Stade Brest behaapten, soudatt déi Paräisser eng ganz gutt Ausgankssituatioun fir de Réckmatch an enger Woch hunn.
Beim Kovac sengem Champions-League-Debut als Trainer fir de BVB konnten déi Däitsch iwwerzeegen an hire Match géint Sporting Lissabon mat 3:0 gewannen. Domadder sinn déi Dortmunder och an enger agreabeler Situatioun fir de Réckmatch an enger Woch.
Juventus Turin setzt sech iwwerdeems an engem knappen a serréierte Match mat 2:1 géint d'Hollänner vun Eindhoven duerch.
Weider Detailer zu de Matcher
Manchester City - Real Madrid 2:3
1:0 Haaland (19'), 1:1 Mbappé (60'), 2:1 Haaland (80', Eelefmeter), 2:2 Brahim Diaz (86'), 2:3 Bellingham (90'+2)
D'Spectateure kruten e montere Match zu Manchester ze gesinn, an deem béid Ekippe gutt opgespillt hunn a bei Ballbesëtz de Wee a Richtung géigneresche Gol ageschloen hunn. Allerdéngs waren an der Ufanksphas d'Gäscht déi méi aktiv Ekipp. Esou konnten d'Spiller vu Madrid eng sëllege gutt Chancë verbuchen. No 10 Minutte wier et du bal en Eelefmeter fir d'Gäscht ginn, dëst no engem Feeler vum Ederson um Vinicius Jr., mä de Brasilianer stoung am Abseits, soudatt hien zréckgepaff ginn ass, an et zu kengem Eelefmeter koum. Nëmmen zwou Minutte méi spéit hätt de Real missen a Féierung goen, allerdéngs huet de Mendy ze vill Tingli-Tangli mam Ball gemaach an dësen esou verträntelt, amplaz de Ball am eidele Gol ënnerzebréngen. D'Lokalekipp ass dogéint an der 15. Minutt fir déi éischte Kéier geféierlech virum géigneresche Gol opgedaucht, mä dem Savinho säi Schoss ass allerdéngs däitlech driwwer gaangen. An der 19. Minutt sollt de Ball dunn awer am Gol vu Madrid aschloen an dëst no enger wonnerschéiner Kombinatioun vun de Spiller vu City: De Grealish chippt de Ball an de Réckraum, an deem de Gvardiol de Ball mat der Broscht fir den Haaland opleet, dee sengersäits keng Problemer huet, fir de Ball äiskal am Gol vu Madrid ënnerzebréngen.
Nom Gol war City déi spillbestëmmend Ekipp an de Real huet sech schwéier gedoen, fir sech Chancen ze kreéieren. Nëmme seelen ass et hinne gelongen, sech Occasiounen ewéi an der 25. Minutt erauszespillen, wou de Vinicius Jr. de Ball mat engem Distanzschoss op d'Lat gezierkelt huet. Doropshin ass Manchester City souwuel nach eng Kéier duerch de Foden mat sengem fulminanten Distanzschoss ewéi och duerch den Akanji, deen de Ball mat sengem Kappball op d'Lat gesat huet, geféierlech ginn, mä e weidere Gol sollt net méi falen, soudatt d'Englänner mat engem 1:0-Avantage an d'Kabinne geschéckt goufen.
Et waren nach keng 30 Sekonnen an der zweeter Hallschent gespillt, du gouf et schonn déi éischt geféierlech Aktioun fir d'Lokalekipp. Et war den Haaland, dee mat sengem ofgefälschte Schoss d'Lat am Gol vu Madrid zum wackele bruecht huet. D'Gäscht hunn allerdéngs och net geschlof. Dëst huet een an der 55. Minutt gemierkt, wou den Mbappé op der Héicht vum 16-Meter ofgezunn huet, mä den Ederson mat engem gudde Reflex paréiere konnt. An der 60. Minutt sollt dunn den 1:1 awer falen an dëst duerch e kromme Gol: En zweete Ball no engem Fräistouss ass beim Ceballos gelant, deen de Ball an de Strofraum geflankt huet, wou den Mbappé op de Ball gelauert huet. Dësen huet de Ball zwar net richteg getraff, mä de jonke Fransous konnt dësen awer um Enn am Gol ënnerbréngen. Dëst mat der Schinn, wat de Kinnekleche vu Madrid an deem Ament wuel häerzlech egal war.
Nom Géigegol sinn d'Spiller vu City ferm geschwommen an hunn zougelooss, datt d'Spiller vum Real eng sëllege Kéiere geféierlech virum Gol vun den Englänner opdauche konnten. Mä den Ederson konnt seng Ekipp am Spill halen an d'Chancen all entschäerfen. Réischt an der 71. Minutt ass Manchester City dunn nees eng Kéier geféierlech ginn, mä den Haaland konnt de Ball och net am Gol ënnerbréngen, soudatt et bei engem 1:1 bliwwen ass. Mä dëse Score sollt net méi laang Bestand halen. An der 77. Minutt gouf de Foden am Strofraum net reegelkonform gestoppt, soudatt den Arbitter direkt op Eelefmeter entscheet huet. De fällegen Eelefmeter konnt den Haaland ouni Problemer zum 2:1 verwandelen, soudatt Manchester City op en neits a Féierung gaangen ass.
Mä nach war net Schluss an de Real huet weider u sech gegleeft an huet direkt seng éischte Chance nom Géigegol genotzt, fir den ale Score nees hierzestellen. En zweete Ball sollt beim agewiesselte Brahim Diaz landen, deen dëse mat engem sate Schoss am Gol ënnerbréngen an domadder den Ausgläich markéiere konnt.
Mä et war nach ëmmer net Schluss an et koum zum kompletten Desaster fir Manchester City. An der Nospillzäit leeë sech d'Englänner e Gackelchen an d'Nascht a bereeden duerch e Feeler an der Defense eng Konteraktioun fir de Real vir, déi um Enn de Bellingham an der 92. Minutt verwäerte kann an domadder d'Gäscht an der Nospillzäit, fir déi éischte Kéier am Match, a Féierung brénge konnt.
Stade Brest - PSG 0:3
0:1 Vitinha (21', Eelefmeter), 0:2 Dembelé (45'), 0:3 Dembelé (66')
Sporting Lissabon - Borussia Dortmund 0:3
0:1 Guirassy (60'), 0:2 Gross (68'), 0:3 Adeyemi (82')
Juventus Turin - PSV Eindhoven 2:1
1:0 McKennie (34'), 1:1 Perisic (56'), 2:1 Mbangula (82')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.