D'Rout Léiwinne kréien et mat Armenien, Kasachstan a Liechtenstein ze dinn
Den 21. a 25. Februar fänkt fir d'Dammennationalekipp am Futtball eng nei Nations-League-Campagne un.
Am Grupp 3 an der Liga C kréien et d’Rout Léiwinne mat Armenien, Kasachstan a Liechtenstein ze dinn. Den Nationaltrainer Dan Santos huet en Donneschdeg de Moie säi Kader fir déi éischt zwee Heemmatcher bekannt ginn. Zwee bekannt Gesiichter sinn nees mat dobäi. Een anert fir déi éischte Kéier.
Fir d’Vera Villegas ass et déi éischt Selektioun. D’Andreia Faria an d’Céline Töpler kënne sech iwwert hire Retour an de Krees vun der Nationalekipp freeën. Am Grupp C3 trëfft d’FLF-Selektioun op Ekippe géint déi si entweder scho laang net méi oder nach guer net gespillt hunn. No der Halleffinall an den Nations-League-Playoffen d’lescht Joer huet sech d’Ekipp vum Dan Santos fir dës Campagne héich Ziler gesat.
Dan Santos – FLF Dammen Nationaltrainer: "Mir mussen net éischten, mee mir wëllen natierlech an dëser Campagne ee positiivt Resultat maachen an uewe matspillen. D’Zil ass kuerzfristeg an d’Liga B opzesteigen."
Mam Amal Cherkane vum SC Beetebuerg an der fréierer Spillerin vun der Havard Universitéit Hannah Griffin hat den Nationaltrainer nach zwou Spillerinnen um Ziedel. D’Hannah Griffin ka wéinst engem Kräizbandrëss an d’Amal Cherkane wéinst nach net fäerdegen Pabeieren net mat dobäi sinn.
De Grupp C3 ass um Pabeier een ausgeglachene Grupp. Direkt um éischte Spilldag kréien et Miller, Thompson a Co. direkt mat Kasachstan ze dinn, dee wuel de stäerkste Géigner wäert sinn.
Dan Santos – FLF Dammen Nationaltrainer: "Kasachstan ass de Favorit an dësem Grupp, si stinn och virun eis an der FIFA-Weltranglëscht. Et ass gutt, datt mir direkt heiheem géint si spillen. Trotzdeem konnten d'Armenierinnen d’Kasachinne scho klappen. Dat heescht et ass alles op. Mir musse kucken wat op eis duerkënnt."
Lass geet et wéi gesot den 21. Februar um Escher Gaalgebierg mat der Partie géint Kasachstan. 5 Deeg drop ass da Liechtenstein am Stade Emile Mayrisch op Besuch. Et sinn nach Ticketen ze kréien. Dir kënnt déi zwou Partien awer natierlech och bei eis op der Tëlee um RTL ZWEE an am Livestream um Internet suivéieren.