Déifferdeng distanzéiert Verfollger Diddeleng

© Bob Leven
Den Tabelleleader Déifferdeng rett de fréien 1:0 iwwer d'Zäit an huet elo 10 Punkten Avance op den F91.
Um Pabeier war et en Toppmatch, mee béid Ekippen hunn de 755 Spectateuren am Stade Jos Nosbaum eng schwaach Leeschtung gebueden. Den eenzege Gol vum Match ass schonn no 14 Minutte gefall, wéi de Mendy no engem Feeler vum Diddelenger Desprez de Ball aus 10 Meter an de Gol knuppe konnt. Et war déi éischt Golchance fir d'Gäscht. Duerno huet Déifferdeng den F91 spille gelooss an an der Defense dicht gemaach. Diddeleng konnt mam ville Ballbesëtz näischt Produktives ufänken.
Och déi zweet Hallschent war aarm u Golchancen. Déifferdeng hat an der 68. Minutt eng grouss Chance op den zweete Gol, mee den Desprez konnt paréieren. De Match war bis zum Schluss ëmkämpft an Diddeleng huet et virun allem aus der Distanz probéiert, awer ouni néideg Reussite. An der Nospillzäit hat d'Lokalekipp awer nach eng lescht Méiglechkeet op den Ausgläich, mee de Kappball vum Hadji goung laanscht de Gol.
Déifferdeng rett den 1:0 iwwer d'Zäit an huet elo 10 Punkten Avance op den F91.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler